Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg

Vu Wikipedia
Titelsäit vum 1. Volume vum Bulletin vun der Société des sciences naturelles (1853)

D'Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg ass 1850 entstanen an hat d'Zil, sech fir de Fortschrëtt an d'Propagatioun vun den Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg anzesetzen.

Den Ufank vun der Société des sciences naturelles geet zeréck op den 1. August 1850, wou sech eng Rei Amateure vun de Wëssenschaften an der Stad am Konferenzsall vum Atheneum getraff hunn, fir d'Grënnung vun engem wëssenschaftleche Veräin ze decidéieren. D'Statute vun deem neie Veräi goufen an de Versammlunge vum 8. an 11. August 1850 diskutéiert an adoptéiert. D'Membere vum Büro vum Veräi sinn den 28. November 1850 bei de Prënz Hari gaangen, fir him de Patronage vun der Associatioun unzebidden, där hir Grënnung duerch de groussherzoglechen Arrêté vum 3. Dezember 1850 offiziell autoriséiert a consacréiert gouf.[1]

Grënnungsmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Büro vun der Société des sciences naturelles bestoung aus de Grënnungsmemberen:

Déi aner Grënnungsmembere waren: Alphonse de la Fontaine (assistant du maître forestier), Théodore Goerens (Professer an der Normalschoul), Jean Pierre Maeysz (Paschtouer), Chrétien Mersch (Ingenieur vun de Ponts et Chaussées), Michel Nicolas Muller (Paschtouer, Direkter vum Atheneum), Charles Munchen (Affekot), Gustave Munchen (Kondukter), Antoine Namur (Professer am Atheneum) André Pondrom (Dokter), François Auguste Tinant (garde-général des forêts), Nicolas Wies (Paschtouer, Professer am Atheneum) François Joseph Wirz (Ingenieur vun de Ponts et Chaussées), Théodore Wurth (Dokter).

De Veterinär Eugène Fischer (1821-1903) war zwar Cosignataire vun de Statuten, ass awer eréischt 1851 offiziell als Member vum Veräin opgeholl ginn.

Schwéierpunkte vun der Aktivitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwéierpunkte vun der Aktivitéit vun der Société des sciences naturelles waren:

  • d'Kreatioun vun engem "cabinet d'histoire naturelle", deen am Atheneum ageriicht ginn ass an de 27. Abrëll 1854 seng Dieren opgemaach huet. Dat war de Grondstee fir den aktuellen Nationalmusée fir Naturgeschicht.
  • d'Publikatioun vun engem Bulletin mat den Aarbechte vun de Memberen: den éischte Bulletin ass 1853 erauskomm; gedréckt gouf hien an der Imprimerie V. Buck, déi deemools an der Stad Lëtzebuerg op der Place d'Armes war.
  • meteorologesch Observatiounen: si goufe vun 1854 u vum François Reuter gemaach.[2]
  • d'Konfektioun vun enger geologescher Kaart vu Lëtzebuerg: Si war schonn 1850 decidéiert ginn, et huet awer bis den 11. Januar 1855 gedauert, bis e Comité ad hoc op d'Been gesat ginn ass. Konkreet dru geschafft hunn den Nicolas Wies an den Alexandre Moris, deen 1861 aus Gesondheetsgrënn opginn huet an duerch de Mathias Siegen ersat ginn ass. D'Kaart war 1869 gréisstendeels fäerdeg, ass awer eréischt 1877 erauskomm (Carte géologique du Grand-Duché de Luxembourg, 9 Blieder, Lemercier, Paräis).[3]

Entwécklung vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Aus enger Section spéciale, déi sech 1867 am Kader vun der Société des sciences naturelles gebilt hat, ass d'Société de botanique ervirgaangen. Wéi 1868 den Institut grand-ducal geschaaffe ginn ass, gouf d'Société des sciences naturelles doran als Section des sciences naturelles et mathématiques integréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1853. Faits divers qui se rattachent à l'organisation et au développement de la société. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, 1, S. 60-61 (Omissions et errata, S. 138).
  • Dutreux, Auguste, 1854. Rapport [sur l'activité de la Société des Sciences naturelles]. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, 2, S. 3-8.
  • Massard, J.A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes, S. 408-440. PDF
  • Massard, J.A., 2000. Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg, S. 10-20. PDF
  • Massard, J.A., 2004. Vom Kuriositätenkabinett zum Naturmuseum: 150 Jahre naturhistorisches Museum in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2004, Nr. 232 (3. Dezember), S. 10-12. [1]
  • Wies, N., 1854. Die naturhistorische Gesellschaft im Grossherzogtum Luxemburg. Luxemburger Wort 1854, Nr. 100 (25. Aug.), S. 2
  • Willems, A., 1950. Vie et activité de la Section des Sciences Naturelles, Physiques et Mathématiques de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg de 1850-1950. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S., 19, S. 9-27.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial A N° 113 vum 29. Dezember 1850 mam Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1850, autorisant la constitution définitive d'une Société de sciences naturelles dans le Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1850, Nr. 113, S. 1106-1107.
  2. Massard, J.A., 2005. Aspects de l'histoire de la météorologie au Luxembourg. Ferrantia (Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg), 43, S. 11-13.
  3. Massard 1989, S. 426, Massard 2000, S. 15.