Op den Inhalt sprangen

Société générale alsacienne de banque

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sogenal)
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Société générale alsacienne de banque
D'Gebai vun der Sogenal zu Mulhouse (1902)
Grënnungsdatum 1881
Sëtz Stroossbuerg
An der Mëtt vum Bild: dat fréiert Gebai vun der Société générale an der Asenalstrooss, ier et tëscht 2020 an 2023 nei gebaut gouf

D'Société générale alsacienne de banque (gekierzt: Sogenal) war eng franséisch Bank, déi 1881 zu Stroossbuerg gegrënnt gouf. 2001 huet se mat hirer Mammegesellschaft, der Société générale, fusionéiert.

Presenz zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Mäerz 1893 huet d'Sogenal als éischt auslännesch Bank eng Filial zu Lëtzebuerg opgemaach. D'Sogenal war 1928 e Grënnungsmember vun der Bourse an 1939 vun der ABBL. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf déi Filial opgeléist. Hir Clientë goufe vun der BIL iwwerholl.

D'Sogenal huet eréischt 1956 hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg erëm opgeholl. 1995 huet d'Société générale déi lëtzebuergesch Struktur iwwerholl; d'Bank krut den neien Numm Société générale Bank & Trust an hat hire Sëtz op 11-15, an der Arsenalstrooss an der Stad; se hat och Filialen zu Zürech, Genf, Lugano a Monaco. Déi néi Gesellschaft huet zu deem Moment de Private Banking fir dee ganze Grupp vun der Société générale zentraliséiert.[1]

  • Xavier Harmel (1960er Joren)
  • Georges Muller (1970er Joren)
  • Henri Lassalle (1980er Joren)
 Commons: Société générale alsacienne de banque – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Ulrich Meier, Struktur des Bankwesens in Luxemburg, 3., Völlig neu bearb. Aufl.., Frankfurt am Main, Fritz Knapp Verl, 1997, S. 66.