Sojus MS-03
| Sojus MS-03 | |
|---|---|
| Raumschëff | Sojus 7K-MS Seriennummer 733 |
| Mass | ? |
| Drorakéit | Sojus FG |
| Crew | 3 |
| Start | 17. November 2016, 20:20 UTC |
| Startplaz | Baikonur LC-1 |
| Statioun | ISS |
| Statioun Undockmodul | Rasswet |
| Dauer | |
| Landung | 15. Mee 2017 (geplangt) |
| Landeplaz | Kasachstan |
| Bunnschréi | 51,6° |
Sojus MS-03 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programms huet de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-49S. Et ass de 49. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 155. Fluch am Sojusprogramm.
Crew
[änneren | Quelltext änneren]Haaptcrew
[änneren | Quelltext änneren]- Oleg Wiktorowitsch Nowizki (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Peggy Annette Whitson (3. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)
- Thomas Pesquet (1. Raumfluch), Bordingenieur (Frankräich/ESA)
Ersatzcrew
[änneren | Quelltext änneren]- Fjodor Nikolajewitsch Jurtschichin (5. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Jack Fischer (1. Raumfluch), Bordingenieur (USA/NASA)
- Paolo Nespoli (3. Raumfluch), Bordingenieur (Italien/ESA)
Missiounsbeschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Missioun huet dräi Crewmembere vun den ISS-Expeditioune 50 an 51 op d'International Raumstatioun bruecht.
Et ass den drëtten Asaz vum weiderentwéckelte Sojus-MS-Raumschëff. Et ënnerscheet sech vun der aler Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1]
De Rendez-vous mat der ISS hat wéi bei de leschten zwéi Flich zwéin Deeg gedauert, amplaz vun den normale sechs Stonnen. D'Ursaach dofir war eng nach net betribsfäeg "Klion-R" Buedemkontrollstatioun zu Wostotschny, déi fir déi séier Approche mat nëmme véier Orbiten amplaz 34 gebraucht gëtt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sojus MS-03 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ FliegerRevue April 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen



