Solange Frégnac

Vu Wikipedia
Solange Frégnac
Gebuer 4. Mee 1905
Roubaix
Gestuerwen 21. Oktober 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler
Famill
Geschwëster Thérèse Frégnac

D'Solange Rosine Henriette Julie Schaack-Frégnac, gebuer de 4. Mee 1905 zu Roubaix, a gestuerwen den 21. Oktober 1989 zu Lëtzebuerg, war eng franséisch-lëtzebuergesch Molerin[1].

D'Solange Frégnac gouf a Frankräich als Duechter vum Wollhändler Auguste Léon Frégnac an der Sidonie Marie Joseph Dervaux gebuer[2]. Si war eng eeler Schwëster vun der Thérèse Frégnac. D'Solange war déi Schwëster vun deenen zwou mat der meeschter Initiativ, déi nom Motto "Traut, schafft a vertrauen an Iech selwer" gelieft huet[3]. Si huet op der École nationale d'arts industriels an hirer Heemechtsstad studéiert, wou si de Premier prix d'excellence fir Zeechnen a Molerei gewonnen huet. Si huet hir Ausbildung op der Académie de la Grande-Chaumière zu Paräis weidergemaach. Si ass dunn duerch Nordfrankräich gereest fir Landschaften ze molen.

D'Frégnac huet sech 1932 mam Ingenieur Léon Schaack vun Esch-Uelzecht bestuet, si krute sechs Kanner[4]. Si krut d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Bestietnes. Si huet weider hiren eegenen Numm fir hir Aarbecht benotzt. 1933 huet si op der 2. Nationalausstellung zu Esch an 1937 zesumme mat hirer Schwëster an der Galerie Bradtké an der Stad ausgestallt wou d'Solange eng véierzeg Landschaften, Stadvuen an eng Rei Blummebiller an d'Thérèse zwanzeg Blummebiller gewisen hunn [5].

D'Lëtzebuerger Regierung huet d'Biller Le lac de Gerardmer (Solange) an Nature morte (Thérèse) opkaaft, an d'Stad Esch d'Wierk der Solange hiert Bild Le Port de St.-Tropez.

Enn 1946 hat si eleng am Haaptsall vum Hôtel Métropol-Bourse an der Stad ausgestallt.

D'Solange Frégnac huet och an de Salone vun der Société des artistes indépendants a vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt an hat Soloausstellungen an der Galerie Bradtké (1949, 1954), der Maison Reitz zu Esch (1952), dem Cercle municipal (1956, 1958, 1965) an an der Galerie Wierschem zu Esch (1968-1974). Hir Wierker gehéieren ënner anerem zu de Sammlunge vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht, dem Musée zu Roubaix a vun de Stied Esch a Lëtzebuerg.

D'Solange Schaack-Frégnac ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Letzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Gebuertsschäin 1905, n° 938
  3. Jean J. Lentz, "Solange Frégnac", L'action féminine, 1933, nr 9-10, s. 67.
  4. "In memoriam Léon Schaack", Luxemburger Wort, 1. Februar 1975.
  5. "Vernissage de l'Exposition Solange Frégnac", Luxembourg (1935), 4. Oktober 1937; "Kunstausstellung Solange und Therese Frégnac in Luxemburg", Obermosel-Zeitung, 8. Oktober 1937.