Sonnenähnleche Stär

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

E sonnenähnleche Stär ass e Stär, dee wéinst senger Gréisst, Liichtkraaft, Spektralklass oder jee no Kontext a weidere Parameteren der Sonn gläicht. De Begrëff gëtt an der englescher Fachsprooch méi prezis mat den dräi Attributer: solar-type, solar analog a solar twin ausgedréckt, woubäi déi an där Reiefolleg opgezielt Stäreparametere par Rapport zur Sonn vu vir no hanne méi no leien. D'Observatioun vu sou Stären ass fir d'Versteesdemech vun de Sonneneegeschaften am Verglach zu anere Stären (an ëmgekéiert) wichteg, speziell fir Parameteren déi bei der Sonn iwwer Moossmethoden zougänglech sinn, an déi bei anere Stären net méiglech sinn.

Solar-type stars[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonn (lénks) verglach mam manner groussen a manner aktiven Tau Ceti (riets)

Solar-type stars sinn Haaptreiestäre mat engem B-V-Farbindex tëscht 0,48 an 0,80 (Sonn: 0,65).

Sou Stären hunn normalerweis eng héich Korrelatioun a Funktioun vun hirer Rotatiounsdauer, der Aktivitéit vun hirer Chromosphär (z. B. H- an K-Emissiounslinne vum Calcium), an der koronarer Aktivitéit (z. B. am Röntgenberäich). Well sou Stäre während der Zäit wou se zur Haaptrei gehéieren, enger Ofbremsung vun hirer Rotatioun ënnerleien, léisst sech aus de genannte Parameteren hiren Alter schätzen. De Mamajek an den Hillenbrand (2008) hunn op déi Aart a Weis den Alter fir 108 Haaptreiestären am Spektralklasseberäich F8V–K2V an engem Distanzberäich vun 16 pc op Basis vun hirer Chromosphären-Aktivitéit (H- an K-Emissiounslinne vum Kalzium) ofgeschat.

An der Tabell sinn d'Ofwäichunge vun de fir déi folgend Lëscht notéiert Critère faarweg gezeechent.

Auswiel vu solar-type stars am Distanzberäich vu 50 Liichtjoer (15,4 pc)
Stär Koordinaten Distanz
LJ
Klass Temperatur
K
Metallizitéit
dex
Rektaszensioun Deklinatioun
Tau Ceti 01h 44m 04,1s −15° 56' 15" 11,9 G8V 5344 −0,52
40 Eridani A 04h 15m 16,3s −07° 39' 10" 16,5 K1V 5126 −0,31
82 Eridani 03h 19m 55,7s −43° 04' 11,2" 19,8 G8V 5338 −0,54
Delta Pavonis 20h 08m 43,6s −66° 10' 55" 19,9 G8IV 5604 +0,33
HR 7722 20h 15m 17,4s −27° 01' 59" 28,8 K0V 5166 −0,04
Gliese 86 A 02h 10m 25,9s −50° 49' 25" 35,2 K1V 5163 −0,24
54 Piscium 00h 39m 21,8s 02" 36,1 K0V 5129 +0,19
V538 Aurigae 05h 41m 20,3s +53° 28' 51,8" 39,9 K1V 3500–5000 −0,20
HD 14412 02h 18m 58,5s −25° 56' 45" 41,3 G5V 5432 −0,46
HR 4587 12h 00m 44,3s −10° 26' 45,7" 42,1 G8IV 5538 0,18
HD 172051 18h 38m 53,4s −21° 03' 07" 42,7 G5V 5610 −0,32
72 Herculis 17h 20m 39,6s +32° 28' 04" 46,9 G0V 5662 −0,37
HD 196761 20h 40m 11,8s −23° 46' 26" 46,9 G8V 5415 −0,31
Ny² Lupi 15h 21m 48,1s −48° 19' 03" 47,5 G4V 5664 −0,34

Solar analog stars[änneren | Quelltext änneren]

Déi Stären déi hei opgelëscht sinn, gläiche photometresch eiser Sonn an entsprieche folgende Critèren:

  • Uewerflächentemperatur wéi d'Sonn ± 500 K, d. h. ongeféier 5200–6300 K.
  • Metallizitéit 50–200 % (± 0,3 dex) am Verglach zu eiser Sonn, d. h. fir eng protoplanetar Scheif kann eng vergläichbar Gréisst vu Stëbs fir d'Bildung vu Planéite wéi bei der Sonn ugeholl ginn
  • Et si keng no stellar Begleeder (Ëmlafzäit 10 Deeg oder manner) bekannt. Sou Begleeder géife méi eng grouss stellar Aktivitéit bewierken.

An der Tabell sti Stären am Distanzberäich vu 50 Liichtjoer, déi net an der Tabell vun de Solar twins opgezielt sinn:

Auswiel vu solar analog stars am Distanzberäich vu 50 Liichtjoer
Stär Koordinaten Distanz
LJ
Klass Temperatur
K
Metallizitéit
dex
Rektaszensioun Deklinatioun
Alpha Centauri A 14h 39m 36,5s −60° 50' 02" 4,37 G2V 5847 +0,24
Alpha Centauri B 35,0s −60° 50' 14" 4,37 K1V 5316 +0,25
70 Ophiuchi A 18h 05m 27,3s +02° 30' 00" 16,6 K0V 5314 −0,02
Sigma Draconis 19h 32m 21,6s +69° 39' 40" 18,8 K0V 5297 −0,20
Eta Cassiopeiae A 00h 49m 06,3s +57° 48' 55" 19,4 G0V 5941 −0,17
107 Piscium 42m 29,8s +20° 16' 07" 24,4 K1V 5242 −0,04
Beta Canum Venaticorum 12h 33m 44,5s +41° 21' 27" 27,4 G0V 5930 −0,30
61 Virginis 13h 18m 24,3s −18° 18' 40" 27,8 G5V 5558 −0,02
Zeta Tucanae 00h 20m 04,3s −64° 52' 29" 28,0 F9,5V 5956 −0,14
Chi¹ Orionis A 05h 54m 23,0s +20° 16' 34" 28,3 G0V 5902 −0,16
Beta Comae Berenices 13h 11m 52,4s +27° 52' 41" 29,8 G0V 5970 −0,06
HR 4523 A 11h 46m31,1s −40° 30' 01" 30,1 G5V 5629 −0,29
61 Ursae Majoris 11h 41m 03,0s +34° 12' 06" 31,1 G8V 5483 −0,12
HR 4458 A 11h 34m 29,5s −32° 49' 53" 31,1 K0V 5629 −0,29
HR 511 01h 47m 44,8s +63° 51' 09" 32,8 K0V 5333 +0,05
Alpha Mensae 06h 10m 14,5s −74° 45' 11" 33,1 G5V 5594 +0,10
Zeta1 Reticuli 03h 17m 46,2s −62° 34' 31" 39,5 G3–5V 5733 −0,22
Zeta2 Reticuli 03h 18m 12,8s −62° 30' 23" 39,5 G2V 5843 −0,23
55 Cancri 08h52m 35,81s +28° 19' 51" 40,3 G8V 5235 +0,25
HD 69830 08h 18m 23,9s −12° 37' 56" 40,6 K0V 5410 −0,03
HD 10307 01h 41m 47,1s +42° 36 ' 48" 41,2 G1.5V 5848 −0,05
HD 147513 16h 24m 01,3s −39° 11' 35" 42,0 G1V 5858 +0,03
58 Eridani 04h 47m 36,3s −16° 56'04" 43,3 G3V 5868 +0,02
Ypsilon Andromedae A 01h 36m 47,8s +41° 24' 20" 44,0 F8V 6212 +0,13
HD 211415 A 22h 18m 15,6s −53° 37' 37" 44,4 G1–3V 5890 −0,17
47 Ursae Majoris 10h 59m 28,0s +40° 25' 49" 45,9 G1V 5954 +0,06
Alpha Fornacis A 03h 12m 04,3s −28° 59' 21" 46,0 F8IV 6275 −0,19
Psi Serpentis A 15h 44m 01,8}} +02° 30' 55" 47,9 G5V 5636 −0,03
HD 84117 09h 42m 14,4s −23° 54' 56" 48,5 F8V 6167 −0,03
HD 4391 00h 45m 45,6}} −47° 33' 07" 48,6 G3V 5878 −0,03
20 Leonis Minoris 10h 01m 00,7s +31° 55' 25" 49,1 G3 V 5741 +0,20
Ny Phoenicis 01h 15{{m]] 11,1s −45° 31' 54" 49,3 F8V 6140 +0,18
51 Pegasi 22h 57m 28,0s +20° 46' 08" 50,9 G2,5IVa 5804 +0,20

Solar twins[änneren | Quelltext änneren]

Déi folgend opgelëscht Stären entsprieche ganz oder haaptsächlech folgenden enkgefaasste Critèren (Ofwäichunge sinn an der Tabell faarweg gezeechent):

  • Uewerflächentemperatur wéi d'Sonn ± 50 K, d. h. zirka 5720–5830 K.
  • Metallizitéit 89 bis 112 % (± 0,053 dex) am Verglach zu der Sonn, d. h. fir eng protoplanetar Scheif kann eng ähnlech Gréisst vu Stëbs fir d'Bildung vu Planéite wéi bei der Sonn ugeholl ginn.
  • De Stär gehéiert net zu engem Méifachstäresystem.
  • De Stärenalter entsprécht deem vun der Sonn ± 1 Milliard Joer, d. h. ongeféier 3,5–5,6 × 109 Joer.
Auswiel vu bekannte solar twins
Stär Koordinaten Distanz
LJ
Klass Temperatur
K
Metallizitéit
dex
Alter
in 109 J.
Rektaszensioun Deklinatioun
Sonn 0,00 G2V 5778 +0,00 4,6
18 Scorpii 16h 15m 37,3s −08° 22' 06" 45.1 G2Va 5835 +0,04 4,2
HD 44594 06h 20m 06,1s −48° 44' 29" 84 G3V 5840 +0,15 4,1
HD 195034 20h 28m 11,8s +22° 07' 44" 92 G5 5760 −0,04 5,1
HD 138573 15h 32m 43,7s +10° 58' 06" 101 G5IV–V 5710 −0,03 7,8
HD 142093 15h 52m 00,6s +15° 14' 09" 103 G2V 5841 −0,15 5,0
HD 98618 11h 21m 29,1s +58° 29' 04" 126 G5V 5851 +0,03 4,7
HD 143436 16h 00m 18,8s +00° 08' 13" 141 G0 5768 +0,00 3,8
HD 129357 14h 41m 22,4s +29° 03' 32" 154 G2V 5749 −0,02 8,2
HD 133600 15h 05m 13,2s +06° 17' 24" 171 G0 5808 +0,02 6,3
HD 101364 11h 40m 28,5s +69° 00' 31" 217 G5V 5783 +0,01 5,4

Sonnenähnlechkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonnenähnlechkeet vun engem Stär gëtt geleegentlech och doduerch beschriwwen datt e vun engem Planéit, deen der Äerd gläicht, an der habitabler Zon ëmkreest ka ginn. Dofir gi folgend Parameter beuecht:

  • De Stär ass en op d'mannst 3 Milliarden alen Haaptreiestär. Dat entsprécht enger ieweschter Grenz fir d'Mass vun zirka 1,5 Sonnemassen, entspriechend enger Spektralklass F5V. Sou Stäre kënnen um Enn vun hirer Haaptreienexistenz eng absolut Hellegkeet vu bis zu 2,5M erreechen (8,55-fach Sonnenhellegkeet).
  • De Stär ass kee verännerleche Stär. Idealerweis gëtt eng Variabilitéit vu manner wéi 1 % virausgesat, praktesch ass eng Grenz vun 3 % entspriechend der Genauegkeet vun de benotzbaren Daten. A Méifachstäresystemer mat enger héich exzentrescher Ëmlafbunn vun engem Begleetstär ass och déi doduerch bedéngt verännerlech Stralungsintensitéit an der habitabler Zon ze beuechten.
  • Déi habitabel Zon muss dynamesch stabil sinn. Fir äerdähnlech Planéiten a Méifachstäresystemer mat dräi oder méi Stären ass d'Wahrscheinlechkeet kleng, datt hir Ëmlafbunne laangfristeg stabil sinn (während bei Duebelsystemer Ëmlafbunnen ëm ee Partner (S-Typ) oder awer ëm eng enk Stärekoppel ganz (P-Typ) stabil ka sinn). Och exzentresch Jupitere kënnen d'Ëmlafbunne vu Planéiten an der habitabeler Zon veränneren.

E Beispill fir sou e Stär ass den HD 70642.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie