Op den Inhalt sprangen

Sonnewenn

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sonnewend)
Dageslängt den 21. Juni op verschiddene Breetekreeser

Eng Sonnewend (Heliostásion‚ Stëllstand vun der Sonn) geschitt zweemol am Joer. Bei der Wantersonnewend – op der Nordhallefkugel vun der Äerd den 21. oder 22. Dezember – erreecht d'Sonn mëttes déi klengst Héicht iwwer dem Horizont. Bei der Summersonnewend huet se den 21. Juni mëttes, op Plazen nërdlech vum nërdleche Wendekrees, hiren Héichststand iwwer dem Horizont. Op der Südhallefkugel sinn d'Verhältnesser ëmgekéiert, wärend dem Südwanter ass op der Nordhallefkugel Summer.

Wärend enger Sonnewend erreecht d'Sonn am Laf vun engem Sonnejoer de gréissten nërdlechen oder südlechen Ofstand zum Himmelsequator.

An deem Ament Moment kéiert d'Sonn hir duerch d'Ekliptikschréiegt bewierkt Deklinatiounsbeweegung ëm a kënnt méi no bei den Himmelsequator.

Déi maximal Deklinatioun erreecht si all Joer zweemol: eemol nërdlech an eemol südlech vum Himmelsequator; jee no Hemissphär (also Nord- oder Südhallefkugel vun der Äerd) schwätzt een dofir ëmmer vun der Summer- oder Wantersonnewend.

Joer Summersonnewend Wantersonnewend
2010 21. Juni13:28 Auer MESZ 22. Dezember00:38 MEZ
2011 21. Juni19:16 Auer MESZ 22. Dezember06:30 MEZ
2012 21. Juni01:09 Auer MESZ 21. Dezember12:12 MEZ
2013 21. Juni07:04 Auer MESZ 21. Dezember18:11 MEZ
2014 21. Juni12:51 Uhr MESZ 22. Dezember00:03 MEZ
2015 21. Juni18:38 Auer MESZ 22. Dezember05:48 MEZ
2016 21. Juni00:34 Auer MESZ 21. Dezember11:44 MEZ
2017 21. Juni06:24 Auer MESZ 21. Dezember17:28 MEZ
2018 21. Juni12:07 Auer MESZ 21. Dezember23:23 MEZ
2019 21. Juni17:54 Auer MESZ 22. Dezember05:19 MEZ
2020 20. Juni23:44 Auer MESZ 21. Dezember11:02 MEZ

Weider Detailer kuckt am Artikel Joreszäiten.