Op den Inhalt sprangen

Sophia de Mello Breyner Andresen

Vu Wikipedia
Sophia de Mello Breyner Andresen
Gebuer 6. November 1919
Porto
Gestuerwen 2. Juli 2004
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Educatioun Universitéit vu Lissabon
Aktivitéit Dichterin, Iwwersetzerin, Kannerbuchautorin, Schrëftstellerin, Politikerin
Partei Partido Socialista
Fonctioun Deputéierten an der Assemblée constituante vun 1975
Famill
Bestuet mat Francisco Sousa Tavares
Kanner Miguel Sousa Tavares

D'Sophia de Mello Breyner Andresen, gebuer de 6. November 1919 zu Porto, a gestuerwen den 2. Juli 2004 zu Lissabon, war eng portugisesch Dichterin a Schrëftstellerin. Si gëtt als eng vun de wichtegsten Dichter vum 20. Joerhonnert ugesinn. An hire véierzéng Gedichtsbänn, déi tëscht 1944 an 1997 erauskoumen, behandelt si Sujete wéi d'natierlech Ëmwelt, d'Sich no Gerechtegkeet, d'Antikt Griicheland an d'Wichtegkeet vun der Poesie. Als Schrëftstellerin huet si, virun allem an den 1950er an 1960er Joren, eng Rëtsch Kannerbicher geschriwwen, à la base fir hir eege Kanner. Si huet och Essayen an Theaterstécker geschriwwen.

D'Sophia Andresen huet sech aktiv fir sozial a politesch Theemen engagéiert. Als Géignerin vum Regimm vum Estado Novo an de Portugisesche Kolonialkricher war si Grënnerin vun der Nationaler Kommissioun fir d'Ënnerstëtzung vu Politesche Gefaangenen. No der Oeilletsrevolutioun war si Deputéiert vun der Sozialistescher Partei an der Assemblée constituante, tëscht 1975 an 1976, an där déi portugisesch Verfassung ausgeschafft gouf.

Si krut als éischt portugisesch Fra, am Joer 1999, de Camões Präis. Si ass am Alter vu 84 Joer am Joer 2004 gestuerwen. Hir stierflech Iwwerreschter goufen 2014 an den Nationale Pantheon iwwerdroen.

Zu Nidderkuer gouf eng Strooss no hir genannt. D'Rue Sophia de Mello Breyner Andresen verbënnt d'Rue St. Pierre mat der Rue du Castel. De Postcode vun der Strooss ass L-4566.

 Commons: Sophia de Mello Breyner Andresen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]