Sophie de Ségur

Vu Wikipedia
Sophie de Ségur
Gebuertsnumm Софья Фёдоровна Ростопчина
Gebuer 1. August 1799
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 9. Februar 1874
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kannerbuchauteur, Schrëftsteller
Famill
Kanner Edgar de Ségur-Lamoignon

D'Gräfin Sophie de Ségur, gebuer den 1. August 1799 zu St. Petersburg a gestuerwen den 9. Februar 1874 zu Paräis, mam Meederchersnumm Sofia Fjodorowna Rostoptschina (Софья Фёдоровна Ростопчина), war eng franséisch Schrëftstellerin.

Si war d'Duechter vum russesche Generol a Minister Fjodor Wassiljewitsch Rostoptschin. 1817 ass si mat hirer Famill a Frankrâich geplënnert, wou se 1819 de Comte Eugène de Ségur bestuet huet.

1856 huet si ugefaangen, Romaner ze publizéieren. Si ass virun allem bekannt fir hir Kannerbicher Mémoires d'un âne, Nouveaux Contes de fées, a Les Malheurs de Sophie.

Komplett Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Œuvre Romanesque de la Comtesse de Ségur, née Rostopchine, complet en 20 volumes. Avec illustrations. Genève, Édito Service - Jean-Jacques Pauvert, o.J.. Reproduction de l'édition de la Bibliothèque rose illustrée du XIXe siècle.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sophie Rostopchine, Comtesse de Ségur – Biller, Videoen oder Audiodateien