Op den Inhalt sprangen

Sortiment

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sortiment oder Assortiment bezeechent all d'Wueren, déi en Händler oder en Handelsbetrib, wéi zum Beispill e Buttek, op engem bestëmmten Zäitpunkt senger Konnschaft zum Verkaf ubitt[1]. Jee no Definitioun ginn och d'Déngschtleeschtungen als Deel vum Sortiment betruecht[2].

Et gëtt verschidde Krittären, fir d'Dimensioun vum Sortiment ze definéieren. Esou bezeechent d'Sortimentsbreet d'Zuel vu Produktgruppen oder -kategorien, déi ugebuede ginn. En Hypermarché huet zum Beispill eng grouss Sortimentsbreet, well e Liewensmëttel, Drogeriesartikelen, Gezei, a Produkter fir de Stot a fir de Gaart verkeeft. D'Sortimentsdéift dogéint bezeechent d'Zuel vu Varianten an enger Produktgrupp. Esou kann e Buttek, deen op d'Vente vun Elektroapparater spezialiséiert ass, eng grouss Sortimentsdéift bei de Wäschmaschinnen hunn, wann e verschidde Marken, Modeller, Faarwen a Wäschtrommelgréissten ubitt[3][4].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Prof. Dr. Willy Schneider, Sortiment • Definition. Gabler Wirtschaftslexikon. Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  2. (de) Die Sortimentspolitik. Handelsmarketing. Springer-Lehrbuch. Springer, Berlin, Heidelberg (2007). Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  3. (de) Prof. Dr. Willy Schneider, Sortimentspolitik • Definition. Gabler Wirtschaftslexikon. Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  4. Piris, Y. et Dubois, P.-L., La mémorisation des consommateurs en matière d'assortiment. Management & Avenir, 42(2) 54-77 (2011). Gekuckt de 4. Mäerz 2026.