Op den Inhalt sprangen

Soutien

Vu Wikipedia
En däischterroude Soutien.

E Soutien (vum franséische soutien-gorges) oder BH (vum däitsche Büstenhalter) ass e Gezei, dat déi weiblech Broscht stäipt an hält. Fraen doen en haaptsächlech als Ënnerwäsch un.

E Soutien besteet aus zwee geformten, matenee verbonne Kierfercher, an déi d'Brëscht placéiert ginn, zwou Brëtellen, déi iwwer d'Schëllere verlafen an déi dat ganzt vertikal stabiliséieren, an engem Band, dat vertikal verleeft an och nach eng Kéier stabiliséiert. Dat Band kann een um Réck oder vir op- an zoumaachen.

D'Schëllerbrëtellen an de Réckendeel loosse sech ajustéieren.

An der Antikitéit

[änneren | Quelltext änneren]
Réimesche Mosaik aus dem 4. Joerhonnert no Christus mat jonke Fraen, déi e laangt Band aus Textil oder Lieder unhunn.

Laang éier de moderne Soutien erfonnt gouf, hu Fraen an anticken Zivilisatioune Stoft benotzt, fir hir Broscht ze stäipen oder ze bedecken. Am anticke Griicheland hu Fraen hir Brëscht mat Sträifen aus Woll oder Léngent gebonnen.[1] Am Homer senger Ilias steet, wéi d'Gëttin Aphrodite e gestéckte Rimm vun hirer Broscht erofhëlt.[2] Algriichesch Fraen hu bei sportleche Competitiounen och e Kleedungsstéck mam Numm Strophion ugehat, dat ee mat „Broschtband“ iwwersetze kann, ënner anerem fir méi maskulin ze wierken. Et ass awer net kloer, ob dat Gezei och am Alldag vun den duerchschnëttleche Frae gedroe gouf.

E Mosaik aus dem 4. Joerhonnert, dat an der Villa del Casale op Sizilien entdeckt gouf, weist réimesch Athleetinnen an engem Gezei, dat dem haitege Bikini staark änelt a vun deem den ieweschten Deel hir Brëscht bënnt.[2][3]

Am Mëttelalter

[änneren | Quelltext änneren]

D'Broschtbedeckung huet sech am Mëttelalter weiderentwéckelt. 2008 hunn Archeologen an engem Verwëllef aus dem 15. Joerhonnert op dem Schlass Lengberg an Éisträich véier Kleedungsstécker aus Léngent fonnt, déi engem moderne BH änelen. Bei deem Gezei gëtt et kleng Kierfercher, déi deene vum moderne Soutien änlech sinn. Laang Zäit war ugeholl ginn, datt de moderne BH mat „Körbchenform“ eng Erfindung aus dem 19. Joerhonnert ass – déi Decouverte stellt déi Suppositioun a Fro.[4]

D'Era vum Korsett an d'Entstoe vum moderne BH

[änneren | Quelltext änneren]
Reklamme fir e Corset aus dem Joer 1902

Ongeféier vum 16. Joerhonnert un ass de Corset zum dominante Gezei beim Forme vun der weiblecher Silhouette ginn. En huet de weibleche Kierper an déi deemools moudesch Figur a Form vun enger „Sandauer“ gedréckt, dat heescht e breeden Uewerkierper an Hëfte mat enger méiglechst schmueler Taille. Dat Ganzt hat awer negativ Konsequenzen op d'kierperlech Gesondheet. Besonnesch bëlleg Corsete konnten bei de Fraen eescht gesondheetlech Schied hannerloossen.[1][3]

De Wandel fort vum Korsett huet am spéiden 19. Joerhonnert ugefaangen. 1889 huet déi franséisch Geschäftsfra Herminie Cadolle hire Corselet Gorge virgestallt, deen de Corset quasi an zwee Deeler deelt: Den ieweschten Deel stäipt d'Broscht, den ënneschten de Bauch. Hire Fokus louch op der Praktabilitéit, net der Estheetik.[1] Ongeféier zur selwechter Zäit, schonn an den 1870er, hat d'US-Amerikanerin Olivia Flynt e Virgängermodell vun engem Soutien patentéiere gelooss,[5] an 1914 krut eng aner Amerikanerin, d'Mary Phelps Jacob (och bekannt als Caresse Crosby) e Patent fir eng Backless Brassiere[1], dat zu der moudescher, transparenter Kleedung vun der deemoleger Zäit gepasst huet. Si huet hiert Patent spéider fir nëmmen 1.500 US-Dollar un d'Firma Warner Brothers Corset Company verkaaft.[1][2][6]

De Soutien als Masseprodukt

[änneren | Quelltext änneren]

Trotzdeem gouf de Soutien bis dohin éischter vu räichen oder kënschtleresch tätege Frae ugedoen. E gouf deelweis och als net ubruecht oder onanstänneg empfonnt.[1] Den Éischte Weltkrich huet zur breeder Akzeptanz vum Soutien gefouert. Well immens vill Fraen a kuerzer Zäit an d'Beruffsliewen agetrueden sinn, ass ëmmer méi däitlech ginn, wéi onpraktesche e Korsett ass, well en d'Beweegungsfräiheet staark aschränkt. Donieft huet wärend dem Krich musse gespuert ginn, wat den Trend hin zum méi bëllege Soutienen och gefërdert huet.[6] Esou huet de BH sech als gängeg Ënnerwäsch etabléiert.

An den 1920er-Joren hu sech d'Schéinheetsidealer dramatesch verännert. Schlank, androgyn Figure koumen an d'Moud an de BH war an där Zäit méi drop ausgeluecht, d'Broscht flaach ze halen, wéi se ze betounen. Tëscht 1918 an 1929 goufe bal 200 Patenter fir verschidde BH-Designen ugemellt. D'Gezei war net länger nëmme räiche Frae virbehalen, et huet sech lues a lues an alle Gesellschaftsschichte verbreet.[1]

D'1930er-Joren hu weider technesch Fortschrëtter mat sech bruecht. De „Cup“-Gréisstesystem mat de Buschtawen A, B, C an D gouf agefouert[7] a verstellbar Brëtellen a standardiséiert Cup-Gréisste goufen zum Branchëstandard. Elastescht Material huet d'Beweegungsfräiheet verbessert, ënner anerem well Danzstiler wéi de Lindy Hop an de Quick Step ëmmer méi beléift goufen.[1]

Hollywood, Pin-ups an d'Moud an der Nokrichszäit

[änneren | Quelltext änneren]
Eng US-amerikanesch Sängerin an engem Bullet Bra (1955).

Hollywood huet vill dozou bäigedroen, de moudeschen Aspekt vum Soutien ze etabléieren.[7] De konesche „Bullet Bra“ ass e Produkt vun den 1940er-Joren a gouf och nach an den 1950er vun den Hollywood-Sexsymboler wéi der Marilyn Monroe, Jayne Mansfield, Lana Turner an Jane Russell ugedoen a bekannt gemaach. Si hunn dozou bäigedroen, datt de BH als moudeschen Accessoire betruecht gouf.[1][8] Wärend dem Zweete Weltkrich war de BH en Deel vun de weibleche Militäruniformen a gouf en alldeeglecht Gezei fir beruffstäteg Frae vun der Mëttelschicht.[3]

Feministesch Géigereaktiounen

[änneren | Quelltext änneren]

An den 1960er-Joren huet sech déi kulturell Bedeitung vum Soutien dramatesch gewandelt. Wat fréier d'Befreiung vum Korsett symboliséiert huet, huet elo déi patriarchalesch Zwäng representéiert.

Bei engem Protest géint de Miss-America-Concours am Joer 1968 hu feministesch Géigendemonstrantinnen hir BHen an eng „Fräiheetspoubelle“ (freedom trash can) gehäit, zesumme mat anere Géigestänn, déi als Symboler vun der Ënnerdréckung gegollt hunn. Obwuel d'Soutienen aus Brandschutzgrënn net verbrannt goufen,[9] gouf de Mythos vun de Feministinnen, déi hire BH verbrennen, zu engem feste Bestanddeel vun der Popkultur. Änlech Protester gouf et ënner anerem zu Wien, wou Frae mat Soutienen an der Hand als Symbol vum méi breede Kampf fir d'Gläichberechtegung tëscht Männer a Fraen marschéiert sinn.[1][2][6]

Confort, Sport an de Retour op de Glamour

[änneren | Quelltext änneren]
Eng Reklamm fir e Soutien vun der Mark Wonderbra op engem Ballon (1999).

An den 1970er an 1980er huet de Confort an d'Funktionalitéit vum Soutien de Glamour-Aspekt verdrängt.[1] Den éischte Sport-BH gouf 1977 entworf a war vum Suspensoir (och nach „Jockstrap“) fir Männer inspiréiert. Elastesch Streckmodeller goufe bei Sportlerinnen an och Fraen am Alldag ëmmer méi beléift. De BH huet vill vu senge steiwen, kënschtleche Strukturen aus den éischte Joerzéngten ofgeluecht.

An den 1990er koum et dunn erëm zu enger Wendung. D'„Hello-Boys“-Campagne vun der Firma Wonderbra mat hire Push-Up-BHen, déi d'Brëscht an d'Luucht drécken, an de Succès vun de Victoria's-Secret-Moudendefiléen hunn dem BH zu sengem betounte sexy Image verhollef.[1] Den alleréischte Moudendéfilé vu Victoria's Secret, bei deem Toppmodelen an Ënnerwäsch (d'Angels) iwwer d'Bün gelaf sinn, war 1995 zu New York a schonn 2001 hunn 12 Millioune Spectateuren dat op der Tëlee nogekuckt. De Push-up-BH ass fir vill Fraen zu engem Mëttel ginn, fir hire Kierper de gängege Schéinheetsidealer unzepassen.[3]

De Soutien haut

[änneren | Quelltext änneren]

No den éischte Jore vum neie Joerdausend huet sech den Trend op en Neits verännert an d'Nofro no BHen ouni Bigelen an no Bralettes ass an d'Luucht gaange. De Confinement wärend der Covid-19-Pandemie huet deen Trend beschleunegt. Eng Enquête huet zum Beispill gewisen, datt wärend dem Lockdown 20 % vun de jonke Fransousinne guer kee Soutien ugedoen hunn.[1] D'Pandemie huet zousätzlech e méi breeden Trend hin zu Sport-BHen a méi mëlle Modelle favoriséiert, amplaz vun de strukturéierten, gepolsterten Alternativen.[2]

Och Innovatioune ginn et weiderhin. 2022 huet d'US-amerikanescht Militär e Prototyp vun engem feierfesten, taktesche Soutien presentéiert, deen an d'Uniformen integréiert soll ginn.[2]

Zorten (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Soutienen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 (de) Rosa Gierometta, Die Geschichte des BHs - Eine Frage der Haltung. Wien Museum (24. Juli 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. 1 2 3 4 5 6 (fr) Erin Blakemore, Loin d'être une invention moderne, le soutien-gorge existe depuis l'Antiquité. National Geographic Frankräich (26. Juni 2025). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  3. 1 2 3 4 (fr) Maude Bass-Krueger, L'histoire du soutien-gorge : tout ce que vous devez savoir sur le sous-vêtement féminin. Vogue Frankräich (20. Oktober 2019). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  4. (de) Büstenhalter aus dem Mittelalter. Universität Innsbruck (18. Juli 2012). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  5. Curt Wohleber, The Bra. American Heritage's Innovation & Technology, Vol. 18, N° 4 (Fréijoer 2003). Gekuckt den 19. Abrëll 2026.
  6. 1 2 3 (de) Michel Penke, 100 Jahre Büstenhalter: Runde Sache: Der BH wird 100 Jahre. Tagesspiegel (12. Februar 2014). Gekuckt de 6. Abrëll 2026.
  7. 1 2 (en) Chapter 4 - 1930s: bra sizes and whirlpool stitching. The Underpinnnings Museums. Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  8. (en) Hannah Malach, A Complete History of the Cone Bra Trend. wmagazine.com (25 April 2025). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  9. (en) Roxane Gay, Fifty Years Ago, Protesters Took on the Miss America Pageant and Electrified the Feminist Movement. smithsonianmag.com (Januar 2018). Gekuckt den 19. Abrëll 2026.