Sozialdemokratesch Aarbechterpartei

Vu Wikipedia

D'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei war eng lëtzebuergesch politesch Partei. Si huet sech 1903,[1] 1904[2][3] oder 1905[4] vun der Sozialdemokratescher Partei ofgespléckt, mee ass 1912 nees an hir opgaangen.[5]

Si gouf vum Jean Schaack-Wirth a Jacques Thilmany matgegrënnt, déi vun 1903 un och d'Zeitung Der arme Teufel erausginn hunn.[6]

D'Aarbechterpartei war marxistesch a méi radikal wéi d'Sozialdemokratesch Partei ënnert dem Michel Welter.[6] Deem gouf virgeworf, ze vill un der parlamentarescher Aarbecht an der Chamber intresséiert ze sinn an der Liberaler Liga ze vill entgéint ze kommen. D'Grënner vun der Aarbechterpartei wollte méi gewerkschaftlech aktiv ginn.[6]

Als eenzeg Partei huet si sech schonn 1905 fir d'Allgemengt Walrecht an domat och fir d'Fraewalrecht agesat, andeems si eng Petitioun dofir an der Chamber agereecht huet.[7]

1912 hunn de Parteipresident vun der Sozialdemokratescher Partei, Jean Schortgen, an de President vun der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei, de Jean Schaack-Wirth, sech drëm beméit, fir béid Parteien nees zesummenzeféieren. D'Ofspléckung géif d'Aarbechterbeweegung nëmme schwächen.[1] Den Enn vun der Partei ass den 31. Mäerz an der Zeitung annoncéiert ginn:[5]

Die am vergangenen Sonntag [...] in Luxemburg zusammengetretenen Parteileitungen der sozialdemokratischen Partei und der sozialdemokratischen Arbeiterpartei Luxemburgs haben einstimmig follgenden Beschluss gefaßt, der heute gleichzeitig im "Escher Journal" und im "Armen Teufel" veröffentlicht wird:
"Die Mitglieder der sozialdemokratischen Arbeiterpartei treten in die sozialdemokratische Partei Luxemburgs ein. Die Mitglieder der früheren sozialdemokratischen Arbeiterpartei, soweit sie in Esch und Umgegend wohnhaft sind, konstituieren sich sofort als Escher Sektion der sozialdemokratischen Partei Luxemburgs. Alle Escher Genossen werden hiermit aufgefordert, der Escher Sektion der sozialdemokratischen Partei Luxemburgs beizutreten u. sich dieserhalb an den provisorischen Vorsitzenden Gen. Schaack-Wirth, Stadtrat in Esch wenden zu wollen."

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 d'Heftchen, Säit 34
  2. Nordsieck Wolfram: Parties and Elections in Europe, 2019, S. 352
  3. Michel Dormal: Politische Repräsentation und vorgestellte Gemeinschaft. Die Entwicklung des luxemburgischen Parteiensystems und Parlamentarismus und ihr Beitrag zur Nationenbildung, Dokteraarbecht, Säit 361
  4. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg 2004, S. 167-168.
  5. 5,0 5,1 Der arme Teufel: Parteibeschluss (31. Mäerz 1912)
  6. 6,0 6,1 6,2 d'Heftchen, Säit 30
  7. fraendag.lu: Der Weg zum Frauenwahlrecht (ondatéiert)