Wuelfaartsstaat Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

E Wuelfaartsstaat ass eng Gesellschaftsform an där de Staat versicht mat Hëllef vu sozialen Déngscht- a finanziellen Hëllefsleeschtungen, seng Bierger vun der Aarmut ze schützen an hinnen e Minimum vu Liewensstandard ze sécheren.[1] Lëtzebuerg vertrëtt, der Klassifizéierung vun den dräi Modeller vun der Wuelfaart no, déi vum Politolog Gøsta Esping-Andersen opgestallt goufen, eng eenzegaarteg Kombinatioun aus engem staarke korporatistesche Modell, mat Elementer vum sozialdemokratesche skandinavesche Standard.[2]

Urspréng[änneren | Quelltext änneren]

Wann ee vun der Aféierung vum Wuelfaartsstaat zu Lëtzebuerg schwätzt, da kënnt een net laanscht en allgemenge Bäitrag iwwer seng Entwécklung am europäesche Kontext, ugefaange mam Otto von Bismarck, deen tëscht 1883 an 1884 déi éischt sozial Gesetzgebung agefouert huet.[3] Dës huet eng Kranken- an Onfallversécherung fir Aarbechter enthalen. D'Aféiere vum Sozialstaat am Däitsche Keeserräich gouf vu Gesetzer géint sozialistesch Tendenze begleet, wat drop schléisse léisst, datt de Bismarck mat Hëllef vun de Versécherunge versicht huet, weideren Zoustroum vun Aarbechter an de sozialistesch/kommunistesche Parteiespektrum ze verhënneren.[4] Duerch d'Industriell Revolutioun koum et zu enger Hausse vun den ekonomeschen a soziale Problemer. Sou war beispillsweis de Risiko op en Accident an de Fabrécke relativ héich. Entgéint dem Bismarck senge Virstellungen hunn déi nei Gesetzer net zum gewënschte Resultat gefouert, mä d'Aarbechterorganisatioune goufen duerch déi nei Situatioun gestäerkt.[5]

Verglach Bismarck- a Beveridge Modell[6]
Bismarck-System Beveridge-Modell
Verséchert Persounegruppen Leit déi schaffen Ganz Bevëlkerung
Finanzéierung Bäiträg no de Léin/Gehälter Steieren
Verwaltung Deelweis privat
Opdeelung op Patronat a Gewerkschaften
Ëffentlech
Transfertintensitéit niddreg héich

Obschonn dëse Modell vum Sozialstaat a villen europäeschen Nopeschlänner kopéiert gouf, konnt sech de Begrëff ausser am angelsächsege Sproochraum net duerchsetzen. E Beispill wier ënner anerem de franséischsproochege Raum, wou sech de Begrëff État-Providence, duerchgesat huet. Dësen huet säin Ursprong am Joer 1864 a geet op de franséischen Deputéierten Émile Ollivier zeréck. Am Ufank hat de Begrëff État-Providence awer en negative Bäigeschmaach. Et gouf gefaart datt de Franséische Staat sech ze vill an déi traditionell Form vu Solidaritéit géif amëschen. Enner traditioneller Solidaritéit versteet een ënner anerem Hëllef duerch d'Famill, duerch d'Aarbechtsëmfeld, awer och duerch d'Kierch. Allerdéngs huet an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert, duerch déi wirtschaftlech Entwécklung an déi doduerch verursaacht Verännerungen an der Gesellschaft, de Staat ëmmer méi dacks missen als Kontrollapparat an der franséischer Gesellschaft agräifen.

Déi deemoleg Hëllef huet sech ausschliisslech op déi Leit bezunn, deenen et onméiglech war, enger gereegelter Aarbecht nozegoen (z. B. Kanner, al Leit, Kranker). D'Aarbechter konnten awer net vu staatlechen Hëllefe profitéieren an hu misse selwer fir sech virsuergen. Wéi a villen aneren europäesche Länner goufen och a Frankräich am Laf vun der Zäit eng ganz Rei Initiative gestëmmt, déi d'Aarbechter sollte géint Risiken am Alter, vu Krankheeten oder vun Aarbechtsaccidenter versécheren.[7]

Dem Franz von Lenbach säi Porträt vum Bismarck, dem Papp vum däitsche Sozialstaat.

De Begrëff vum Wuelfaartsstaat ass vum englesche Wuert welfare state ofgeleet. E gouf 1941 vum britteschen Äerzbëschof William Temple, a senger Differenzéierung vum nationalsozialisteschen Däitschland (warfare state) an der brittescher Gesellschaft (welfare state) an d'Welt gesat.[8] Et war schliisslech de Beveridge-Bericht vun 1942, benannt nom Sir William Beveridge, deen de brittesche Sozialsystem nom Zweete Weltkrich duerch d'Aféiere vum National Insurance Act an dem National Health Act a. Ä. restrukturéiert huet. De Modell vum Beveridge vertrëtt eng universalistesch Approche, viséiert domat all brittesch Bierger. E gouf domat un d'Nationalitéit gebonnen a gesäit e Gesondheetssystem vir, dee vum Staat iwwer d'Stéiere finanzéiert gëtt. Vun dësem Modell inspiréiert (wéi zum Beispill zu Lëtzebuerg) sollt sech de Begrëff welfare state och an anere westeuropäesche Länner zu engem Synonym fir sozial Gerechtegkeet entwéckelen.[4] Dobäi kënnt, datt deen am Beveridge-Bericht beschriwwene Modell, deen de Sozialsystem un d'Nationalitéit vum Assuréierte bënnt, an aneren europäesche Länner virun allem an den 1960er an 1970er Joren ee vun den Haaptkrittäre gouf. Zu dësen zielen, dem Béla Tomka no, virun allem déi skandinavesch Länner.[9]

Sir William Beveridge (1943)

Dem Historiker Hagen Schulz-Forberg no kann een vun der Typologie vum Wuelfaartsstaat hir tëschent zwou Varianten ënnerscheeden. Zu dëse gehéieren de minimalen an de maximale Wuelfaartsstaat. De minimale Wuelfaartsstaat gëtt virun allem liberale Systemer zougeuerdent a gesäit eng staatlech Hëllef fir déijéineg an der Gesellschaft vir, déi vun eegener Hand net méi am stand si fir fir sech selwer ze suergen. Deem géintiwwer steet de maximale Wuelfaartsstaat deem de Skandinavesche Modell zougerechent gëtt. Et handelt sech ëm en universalistesche Modell, deen all senge Bierger hëlleft.[4] Dëse charakteriséiert sech, sou de Schulz-Forberg, duerch „Proactive job markets as well as a high percentage of taxes, often reaching more than 50%”[4] Den dänesche Politolog Gøsta Esping-Andersen huet a sengem 1990 publizéierte Buch The three worlds of Welfare Capitalism eng Klassifizéierung vum Wuelfaartsstaat erstallt huet. Dobäi huet hien tëscht engem liberalen, engem sozialdemokrateschen an engem korporative System ënnerscheet.[10]

Zouuerdnung vum Lëtzebuerger Wuelfaartsstaat no der Esping-Andersen Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Claudia Hirsch-Hartmann kënnt bei hiren Analysen zum Schluss, datt no der Klassifikatioun vum Esping-Andersen, de Lëtzebuerger Wuelfaartsstaat zu engem korporatistesche System mat skandinaveschen Elementer gehéiert. Dës Kombinatioun géif de Lëtzebuerger System eenzegaarteg maachen.[11]

Mat der Aféierung vum Bismarck-System am Joer 1901 zu Lëtzebuerg, sinn d'Weiche gestallt gi fir e korporationistesche Sozialsystem.[12] Bei dësem gëtt d'Finanzéierung virun allem vun den Aarbechter an den Employeuren iwwerholl, woubäi d'Contributioune vu béide Parteien déi selwecht sinn. Eréischt an den 1970er Joren huet sech de Staat, wéi am Kapitel "Historique vum Lëtzebuerger Wuelfaartsstaat" méi genee beschriwwe gëtt, un der Finanzéierung bedeelegt.

Am Géigesaz zum sozial-demokratesche Modell, deen de Mënsch an den Zentrum stellt, sinn am korporatistesche Sozialmodell, den Opbau vum Stot an d'Akommes vun dësem déi entscheedend Krittäre fir sozial Hëllef. D'Claudia Hirsch-Hartmann beschreift 2012 am The State of the Luxembourg’s Welfare State, weider Facteuren déi a korporatistesche Systemer virleien an domat och zu Lëtzebuerg. Sou géif an deene meeschte korporatistesche Länner keng Trennung vu Kierch a Staat existéieren, wat den Afloss vun der Kierch an dësem System steigert. Mä och d'Beschäftegung vun de Fraen an d'Kannerbetreiung wieren a korporatistesche Sozialsystemer am Verglach zu aneren europäesche Länner bis an d'spéit 1990er Jore relativ réckstänneg gewiescht.[13] D'Hirsch-Hartmann preziséiert déi fir Lëtzebuerg, Spuenien an Irland follgendermoossen: “Ireland, Spain and Luxembourg presented the lowest female employment rate and are still below EU average. Consequently, child care for Ireland and Luxembourg was the least developed within EU” Eréischt mat der European Employment Strategy am Joer 1997 hätt sech déi Situatioun gebessert.[2]

Duerch d'Aféierung vum skandinavesche Modell konnt Lëtzebuerg e Sozialsystem mat engem héije Standard fir d'Mëttelschicht opbauen. Dëse weist sech ë. a. bei eelere Mënschen, déi duerch d'Liewensversécherung ë. a. vun Déngschtleeschtungen ewéi der Fleeg am eegenen Haus oder Änlechem profitéiere kënnen. Gläichermoosse soll verhënnert ginn, datt d'Leit am Alter ënnert d'Aarmutsgrenz rutschen a weiderhin hire gewinnte Liewensstandard genéisse kënnen. Och am Fall vum Kannergeld kéint een eng positiv Entwécklung feststellen. Sou huet sech d'Kannergeld zu Lëtzebuerg zu engem vun deenen héchsten an der gesamter EU entwéckelt.[14]

Historique vum Lëtzebuerger Wuelfaartsstaat[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1900 bis 1945 – Vum Bismarck zum Beveridge-System[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg kënnen d'Ufäng vum Wuelfaartsstaat am fréien 20. Joerhonnert festgemaach ginn. Zu enger Zäit an där d'Lëtzebuerger Ekonomie vun der Siderurgie dominéiert gouf, huet sech d'Regierung mat der Aféierung vun der Sozialversécherung um soziale Modell vum Däitsche Keeserräich, um sougenannte Bismarck-Modell, inspiréiert an dësen zu Lëtzebuerg agefouert. Zu den éischten zwou Sozialversécherungen, déi realiséiert goufen, zielen d'Krankeversécherung am Joer 1901 an d'Aarbechtsonfallversécherung am Joer 1902. Och d'Aféiere vun der Invaliden- an der Renteversécherung am Joer 1911 falen an dës Ufankszäit.[12]

Der lëtzebuergescher Politologin Nicole Kerschen no kann een awer eréischt mat der Codifizéierung vun alle Versécherungen am Code des assurances sociales vun der Aféierung vum Wuelfaartsstaat zu Lëtzebuerg schwätzen. Wärend dem Zweete Weltkrich konnt déi a Groussbritannien exiléiert lëtzebuergesch Regierung sech um sougenannte Beveridge Bericht inspiréieren. Déi gewonnen Andréck sinn du versicht ginn, am Laf vun de Joren zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.[15]

Vun 1945 bis 2000[änneren | Quelltext änneren]

Mam Enn vum Krich an der Retabléierung vun der Regierung hunn déi a Groussbritannien gewonnen Andréck zu enger Erweiderung vum Sozialversécherungssystem op Aarbechter, Employeuren a selbststänneg Entreprenere gefouert. Gläichermoosse war och den Agrarsecteur vun dëser Erweiderung betraff. De follgenden Tableau wéist a wéi enge Joren d'Reforme vun der Renten- a Krankeversécherung an den 1950er an 1960er Joren zu Lëtzebuerg realiséiert goufen:

Beruffsklass Joer Renteversécherung Krankeversécherung
Aarbechter 1951 X
Independant 1951 X
Independant 1960 X
Independant 1964 X X
Baueren 1956 X
Independant 1957 X
Independant 1960 X
Baueren 1962 X
Independant 1964 X X

Quell: Nicole Kerschen/ Das luxemburgische Wohlfahrtssystem, S. 379. (Déi entspriechend Gesetzer sinn ënnen an de Quellen ugefouert.)

Wéi den Tableau weist, waren d'Sozialversécherunge weiderhin un d'Beruffstätegkeet gebonnen. An den 1960er an 1970er Jore koum et am Renten- a Gesondheetssystem zu weidere Reformen. Besonnesch am Rentesystem huet dëst zu enger Standardiséierung vun den Uspréch an der Finanzéierung vun der Rent gefouert. Gläichermoosse koum et zu enger Verbesserung vun de Rechter fir Preretraitéierter.[16] D'Verantwortung vun der Organisatioun vum Lëtzebuerger Sozialsystem louch zu der Zäit virun allem bei de Sozialpartner, dem Patronat an den Aarbechter. Si verwalten déi entspriechende Fongen a suerge fir eng Balance tëscht de Cotisatiounen an der Héicht vun de Leeschtungen an domat och vun den Ausgaben. Säit den 1970er Jore bedeelegt sech och de Staat un der Finanzéierung vun dësem System.[17]

Virun allem d'Stolkris, déi Lëtzebuerg schwéier getraff huet, sollt dozou féieren, datt de sougenannte Lëtzebuerger Modell agefouert ginn ass. Heibäi gouf d'Regierung duerch d'Gesetz vum 26. Juli 1975 berechtegt, Weeër ze fannen, fir ze verhënneren, datt nach méi Aarbechtsplazen ofgebaut an Aarbechter masseweis entlooss géife ginn.[18] Duerch déi unhalend Verschlechterung am Stolsecteur gouf 1977 déi éischt Dräierkonferenz, déi sougenannten Tripartite ofgehalen. Dëst sollt en Aktiounsplang ausschaffen, deen d'Ekonomie ukuerbelen a fir Vollbeschäftegung suerge sollt. Schonn de 24. Dezember 1977 koum et per Gesetz zu enger Institutionaliséierung vun der Tripartite, ënnert der offizieller Bezeechnung Comité de coordination tripartite.[19] Dëse sollt am Fall vun enger Verschlechterung vun der Lëtzebuerger Ekonomie oder dem Lëtzebuerger Sozialsystem zesummegeruff ginn. D'Tripartite setzt sech aus der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat zesummen. Virun allem d'Sëtzung vum 19. Mäerz 1979 sollt ausschlaggebend si fir d'Reputatioun vum Lëtzebuerger Modell. Sou konnt an der Tripartite de Lëtzebuerger Stolsecteur deementspriechend reforméiert a moderniséiert ginn, datt en den Ufuerderunge vun enger moderner Stolindustrie entsprach huet. Gläichermoosse konnt duerch d'Decisioune vum 19. Mäerz an duerch sozial Reforme verhënnert ginn, datt et Massenentloossunge gouf. D'Tripartite sollt sech am laf vun de Joren zu enger institutionaliséierter Diskussiounsplattform entwéckelen, déi a reegelméissegen Ofstänn am Fall vun ekonomeschen a soziale Problemer zesummegeruff gëtt.[20] D'Aufgaben ënnert de Sozialpartner si gläichermoossen ënnerteneen opgedeelt, woubäi d'Regierung, de Patronat an d'Gewerkschafte jeeweils een Drëttel iwwerhuelen.[17]

D'1980er an 1990er Jore goufe vun déifgräifenden Harmoniséierungsprogrammer markéiert. Dozou zielen, der Nicole Kerschen no, ënner anerem den Zesummeschloss vun de verschiddene Fongen zu enger allgemenger Risikogemeinschaft, déi e finanzielle Ausgläich duerch d'Verdeelung vun den Ausgabe realiséiert huet. Dës Entwécklung hätt dozou bäigedroen, datt am Joer 1989 een eenzege Cotisatiounssystem agefouert gouf, vun deem virun allem de Privatsecteur profitéiere konnt. Och de staatlech ugeuerdenten Zesummeschloss vun de Fongen zu der Union des Caisses de Maladies fält an déi Zäit.[21] Gläichermoosse kann de Beitrag fir d'Fleegeversécherung genannt ginn, deen 1998 ënner der Regierung Santer-Poos III agefouert gouf. Dobäi gouf d'Fleegeversécherung, déi zu 45 % vum Staat finanzéiert gëtt, sou festgeluecht, datt d'Cotisatioun bei Bedarf all Joer vun der Chamber ugepasst ka ginn.[22]

Beispiller vu Sozialversécherungen zu Lëtzebuerg am 21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Kapitel ginn nëmmen eng kleng Auswiel vu Versécherungen a Leeschtungen opgelëscht, déi et zu Lëtzebuerg am 21. Joerhonnert ginn.

Krankeversécherung[änneren | Quelltext änneren]

Déi Lëtzebuerger Kranken- a Fleegeversécherung ass un d'Aarbecht gebonnen.[23] Nieft Selbststännegen an Aarbechter kënnen och Léierbouwen a -meedercher oder Mënsche mat Behënnerunge vun dëser Hëllef profitéieren. D'Krankeversécherung séchert och de Liewenspartner vum Versécherten of. Dëst ass awer nëmmen de Fall, wou de Liewenspartner sech entscheet wéinst der Erzéiung vun de Kanner an der Bewältegung vum Stot kenger regulärer Aarbecht méi no ze goen. Gesondheetsdéngschleeschtunge sinn duerch Kollektivverträg un d'Krankeversécherung gebonnen an ënnerleien amtleche Regëstere fir medezinesch Behandlungen. D'Finanzéierung vun de Spideeler gëtt all Joers duerch e Budget fixéiert an integral vum Fonds vun de Krankeversécherunge bezuelt. De Budget gëtt fir all Gesondheetsdéngschtleeschtunge separat festgeluecht. Dëst soll ënner anerem dofir suergen, datt all Bierger Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Behandlung huet. De Patient huet d'Recht fräi ze entscheeden, bei wéi een Hausdokter, Spezialist oder a wat fir ee Spidol hie wëll goen. D'Käschte vun der Behandlung gi vun der Krankekeess zeréckbezuelt. Gläichermoosse muss betount ginn, datt 2004 ronn 12,5 % vum Budget fir Behandlungen am Ausland bereet gestallt goufen. Dës ass dorop zeréckzeféieren, datt e Groussdeel vun de Versécherten net zu Lëtzebuerg wunnt. All Joers gëtt vum Sozialminister eng sougenannte Quatripartite zesummegeruff fir d'Finanzlag vun de Fonge vun der Krankeversécherung ze analyséieren. Dës Quatripartite setzt sech aus de Sozialpartner (Staat, Patronat a Gewerkschaften) an de Gesondheetsdéngschleeschter zesummen.[24]

Fleegeversécherung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Fleegeversécherung handelt et sech em eng Flichtversécherung. Zënter 1998 gouf Fleegebedierftegkeet als neie soziale Risiko ugesinn an an d'Krankeversécherung integréiert. Vun dësem System kann all Persoun onofhängeg vum Alter profitéieren.[25] Déi dobäi ufalend Käschte ginn entspriechend rembourséiert onofhängeg vun der Behënnerung (physesch oder psychesch) an dem Salaire vun der betraffener Persoun. Finanzéiert gëtt dëse System zu 40 % vum Staatsbudget an zu 60 % vun de Versécherten.[26] Op eng Persoun als fleegebedierfteg gëllt, gëtt vun der Cellule d'évaluation et d'orientation ënnersicht.[27] Dobäi ginn all Déngschtleeschtungen an engem sougenannte Fleegeplang festgeluecht. Am Fall wou déi betraffe Persoun bei sech doheem gefleegt gëtt kann dës tëscht professioneller oder finanzieller Ënnerstëtzung wielen. Am Fall vun der Fleeg a Fleegeheimer ginn déi finanziell Beiträg direkt un déi entspriechend Institutiounen ausbezuelt. D´Fleegeversécherung kann a Form vu Geldleeschtungen och u Fleegebedierfteger am Ausland ausbezuelt ginn, sou laang déi Persounen zu Lëtzebuerg verséchert sinn an déi entspriechend Krittären erfëllen.[28]

RMG[änneren | Quelltext änneren]

Den RMG ass am Joer 1986 als Bestanddeel vum Gesetz vum 26. Juli, betreffend d'Bekämpfung vun Aarmut an der sozialer Exklusioun zu Lëtzebuerg, an d'Liewe geruff gi.[29] Dëst gesäit vir, datt all Bierger zu Lëtzebuerg d'Recht op e garantéiert Mindestakommes huet, fir domat de betraffene Leit e Liewe mat engem Minimum vu Standarden ze garantéieren. Den RMG baséiert domat op engem Ausdrock vun der nationaler Solidaritéit. An de Joren 1999, 2001 an 2004 goufen d'Richtlinne fir den RMG mat dräi Gesetzer ausgebessert, no deenen déi betraffe Persoune mussen zu Lëtzebuerg wunnen, respektiv déi Lëtzebuerger Nationalitéit mussen hunn. Gläichermoossen muss d'Akommes respektiv Verméige vun der betraffener Persoun oder vum ganze Stot manner wéi de Mindestloun sinn. Ausserdeem kann tëscht zwou Kategorien ënnerscheet ginn, déi op Basis vum Alter (</> 60 Joer) an der Aarbechtsfäegkeet vun enger Persoun hir Krittäre festleet. Dat si Leeschtungen déi dozou bäidroen sollen déi betraffe Persoun an den Aarbechtsmaart ze reintegréieren, am Fall wou déi Persoun ënner 60 Joer an/oder aarbechtsfäheg ass. Déi zweet Kategorie ëmfaasst d'Bezuele vun engem Ausgläich, am Fall wou eng Persoun iwwer 60 Joer an/oder aarbechtsonfäeg ass.[30]

Aarbechtslosegeld[änneren | Quelltext änneren]

Fréierer Verwaltungssëtz vun der ADEM zu Lëtzebuerg

Persounen déi onfräiwëlleg, no engem Beschäftegungszäitraum vu minimum ronn 26 Wochen, hir Aarbecht verluer a sech uschléissend bei der ADEM enregistréiert hunn, hunn d'Recht op Aarbechtslosegeld. Gläichermoossen ass d'Residence zu Lëtzebuerg e weideren entscheedende Krittär fir d'Aarbechtslosegeld ausbezuelt ze kréien. Sollten all dës Krittären erfëllt sinn, kritt déi betraffe Persoun ee Joer laang Arbechtslosegeld, an der Héicht vun 80-85 % vun der leschter Pai. D'Finanzéierung vum Aarbechtslosegeld gëtt souwuel vum Staat, wéi och vu verschiddene Solidaritéitssteieren an dem Fond pour l´emploi iwwerholl a vun der ADEM verwalt.

Am Fall wou eng Persoun no engem Joer nach ëmmer keng Aarbecht fonnt huet, huet se d'Recht, RMG unzefroen. Frontalieren, déi hir Aarbecht zu Lëtzebuerg verluer hunn, kënne sech, der europäescher Direktive 1408/71 no, bis zu dräi Méint Aarbechtslosegeld an d'Ausland nobezuele loossen. An dësem Zäitraum hu se och weiderhin Zougang zum Lëtzebuerger Sozialsystem. Déi selwecht Direktiv seet och, datt no dësen dräi Méint déi betreffend Persoun vun deem Memberstaat vun der EU d'Aarbechtslosegeld ausbezuelt kritt, wou se hire Wunnsëtz huet.[31]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Loi du 29 août 1951 concernant l ́assurance-maladie des fonctionnaires et employés. (PDF, 212KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 3 septembre 1956 ayant pour objet la création d ́une Caisse de pension agricole (PDF, 221KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 29 juillet 1957 concernant l ́assurance maladie des professions indépendantes. (PDF, 115KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 13 mars 1962 portant création d'une Caisse de maladie agricole (PDF, 181KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 23 mai 1964 concernant l'admission des travailleurs intellectuels indépendants à la Caisse de pension des employés privés. (PDF, 105KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 26 juillet 1975 autorisant le Gouvernement à prendre des mesures destinées à pré- venir des licenciements pour des causes conjoncturelles et à assurer le maintien de l ́emploi. (PDF, 143KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 24 décembre 1977 autorisant le Gouvernement à prendre les mesures destinées à stimuler la croissance économique et à maintenir le plein emploi ((PDF, 146KB)) (Stand: 24.12.2016)
  • Loi du 26 juillet 1986 portant création du droit à un revenu minimum garanti; création d ́un service national d ́action sociale; modification de la loi du 30 juillet 1960 concernant la création d ́un fonds national de solidarité (PDF, 155KB) (Stand: 24.12.2016)
  • Ministère de la Sécurité Sociale, 2002. Droit de la Sécurité Sociale Luxembourg. 408S. Luxembourg. (PDF, 1,8MB)
  • Ministère de la Sécurité Sociale, 2015. L´Assurance dépendance. Guide pratique. 66S. Luxembourg. (PDF, 138KB)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Allegrezza, Serge, 2003. Etat providence et compétitivité: le mariage impossible ?. Le Jeudi, S. 17.
  • Begg, Iain, Fabian Mushövel & Robin Niblett, 2015. The Welfare State in Europe. Visions for Reform. Chatham House. The Royal Institute of international Affairs, London. ISBN 978 1 78413 087 9.
  • Calmes, Michel, 2012. Störung im Sozialmodell. forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 323: S. 29-33.
  • Clément, Franz, 2015. L'état de l'état-providence au Luxembourg. Revue Belge de sécurité sociale, Nr. 4: S. 797-818.
  • Clément, Franz, 2006. L'Etat-providence en 2005: La situation du Luxembourg. Revue belge de sécurité sociale, Nr. 4: S. 669-690.
  • Dickes, Paul & Charles Fleury, 2012. Cohésion sociale, valeurs et régimes providentiels. 173S. Ceps/Instead Working Papers, Esch-sur-Alzette. (PDF, 3,6MB)
  • Esping-Andersen, Gøsta, 1990. The three worlds of welfare capitalism. 260S. John Wiley & Sons, Cambridge. ISBN 978-0-7456-0796-2.
  • Euzéby, Alain, 2001. La Protection sociale, pilier du modèle social européen. Bulletin luxembourgeois des questions sociales, Nr. 10: S. 20-38 (PDF, 737KB)
  • Hansen, Josée, 2006. Etat providence ou Etat gendarme ? Pour faire passer la pilule de la politique d'austérité, notamment dans le domaine social, le gouvernement essaie de vanter les politiques d'avenir. d'Lëtzebuerger Land, Nr. 41: S. 6-7.
  • Hirsch, Mario, 1983. Ist die herkömmliche Sozialpolitik am Ende ? Der Wohlfahrtsstaat steckt auch in Luxemburg in der Krise. d'Lëtzebuerger Land, Nr. 44: S. 5.
  • Hirsch-Hartmann, Claudia, 2010. The State of the Luxembourg’s Welfare State: the Effects of the Crisis on a Corporatist Model Shifting to a Universalistic Model. 48S. Ceps/Instead Working Papers, Differdange. (PDF, 1,6MB)
  • Institut universitaire international Luxembourg, 1984. L'économie des transferts sociaux, L'Etat providence en crise. 574S, Éditions d´Letzebuerger Land, Luxembourg.
  • Kirsch, Guy, 1980. Unbehagen im Wohlfahrtsstaat. d'Lëtzebuerger Land, Nr. 51: S. 8-9.
  • De Pouvourville, Gérard, 2011. L´assurance maladie en France: Beveridge et Bismarck enfin réconciliés ? Annales des Mines-Réalités Industrielles, Nr. 4: S. 19-24.
  • Schulz-Forberg, Hagen, 2012. Welfare State. S. 1783-1788 in: Anheier, Helmut K., Mark Juergensmeyer & Victor Faessel (Ed.), 2012. Encyclopedia of Global Studies. SAGE Publications, Thousand Oaks. (PDF, 116KB)
  • Scuto, Denis, 2002. Le centenaire des assurances sociales au Grand-Duché de Luxembourg (1901-2001). Bulletin luxembourgeois des questions sociales, Jg. 11: S. 29-37. (PDF, 47,3KB)
  • Schmit, Joseph, 2002. Wohlfahrtsstaaten im Vergleich. 497S. UTB, Opladen. ISBN 978-3531174815.
  • Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden. ISBN 978-3-531-15784-9, S. 379-402.
  • Thill, Patrick & Adrien Thomas, 2010. Le modèle sociale luxembourgeois. Tendences historiques et nouveau défis. forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 294: S. 50-52.
  • Tomka, Béla, 2013. A Social History of Twentieth-Century Europe. 552S. Routledge, Oxfordshire. ISBN 978-0-415-62843-3.
  • Urbé, Robert (Ed.), 2012. The future of the Welfare State. A comparative study in EU-countries. 372S. Lambertus Verlag, Freiburg im Breisgau. ISBN 978-3-7841-2140-6.
  • Wagener, Marco, 2014. Unverzichtbare Bestandteile des modernen Wohlfahrtsstaates. Über die Rolle des Mindestlohns und des Mindesteinkommens. forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 346: S. 33-35.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tomka, Béla, 2013. A Social History of Twentieth-Century Europe. 552S. Routledge, Oxfordshire, S. 154.
  2. 2,0 2,1 Hirsch-Hartmann, Claudia, 2010. The State of the Luxembourg’s Welfare State: the Effects of the Crisis on a Corporatist Model Shifting to a Universalistic Model. 48S. Ceps/Instead Working Papers, Differdange, S. 5.
  3. Euzéby, Alain, 2001. La Protection sociale, pilier du modèle social européen. Bulletin luxembourgeois des questions sociales, Nr. 10: S. 21f.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Schulz-Forberg, Hagen, 2012. Welfare State. S. 1783-1788 in: Anheier, Helmut K., Mark Juergensmeyer & Victor Faessel (Ed.), 2012. Encyclopedia of Global Studies. SAGE Publications, Thousand Oaks, S. 1783-1788.
  5. Schmit, Joseph, 2002. Wohlfahrtsstaaten im Vergleich. 497S. UTB, Opladen. S. 105.
  6. Frank Oschmiansky & Jürgen Kühl/ Wohlfahrtsstaatliche Grundmodelle (Bundeszentrale für politische Bildung)
  7. État-Providence in: Vie-public.fr
  8. Tomka, Béla, 2013. A Social History of Twentieth-Century Europe. 552S. Routledge, Oxfordshire, S. 154f.
  9. Tomka, Béla, 2013. A Social History of Twentieth-Century Europe. 552S. Routledge, Oxfordshire, S. 169.
  10. Esping-Andersen, Gøsta, 1990. The three worlds of welfare capitalism. 260S. John Wiley & Sons, Cambridge, S. 3.
  11. Hirsch-Hartmann, Claudia, 2010. The State of the Luxembourg’s Welfare State: the Effects of the Crisis on a Corporatist Model Shifting to a Universalistic Model. 48S. Ceps/Instead Working Papers, Differdange, S. 4.
  12. 12,0 12,1 Scuto, Denis, 2002. Le centenaire des assurances sociales au Grand-Duché de Luxembourg (1901-2001). Bulletin luxembourgeois des questions sociales, Jg. 11: S. 36.
  13. Hirsch-Hartmann, Claudia, 2010. The State of the Luxembourg’s Welfare State: the Effects of the Crisis on a Corporatist Model Shifting to a Universalistic Model. 48S. Ceps/Instead Working Papers, Differdange, S. 4f.
  14. Hirsch-Hartmann, Claudia, 2010. The State of the Luxembourg’s Welfare State: the Effects of the Crisis on a Corporatist Model Shifting to a Universalistic Model. 48S. Ceps/Instead Working Papers, Differdange, S. 5f.
  15. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 379.
  16. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 379f.
  17. 17,0 17,1 Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 382.
  18. Loi du 26 juillet 1975 autorisant le Gouvernement à prendre des mesures destinées à prévenir des licenciements pour des causes conjoncturelles et à assurer le maintien de l ́emploi
  19. Loi du 24 décembre 1977 autorisant le Gouvernement à prendre les mesures destinées à stimuler la croissance économique et à maintenir le plein emploi
  20. Das luxemburgische Sozialmodell in: Das offizielle Internetportal des Großherzogtum Luxemburg (2015)
  21. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 380.
  22. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 382f.
  23. Ministère de la Sécurité Sociale, 2002. Droit de la Sécurité Sociale Luxembourg. 408S. Luxembourg, S. 21.
  24. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 386.
  25. Qui a droit à l´assurance? in: Ministère de la Sécurité Sociale/ Dépendance (Stand: 24.12.2016)
  26. Ministère de la Sécurité Sociale, 2015. L´Assurance dépendance. Guide pratique. 66S. Luxembourg, S. 13.
  27. Ministère de la Sécurité Sociale, 2015. L´Assurance dépendance. Guide pratique. 66S. Luxembourg, S. 23.
  28. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 387.
  29. Loi du 26 juillet 1986 portant création du droit à un revenu minimum garanti; création d ́un service national d ́action sociale; modification de la loi du 30 juillet 1960 concernant la création d ́un fonds national de solidarité
  30. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 390-392f.
  31. Kerschen, Nicole, 2008. Entwicklungspfade von den Ursprüngen hin zu Europa: Das luxemburgische Wohlfahrtssystem. S.379-402 in: Schubert, Klaus, Simon Hegelich & Ursula Bazant (Ed.), 2008. Europäische Wohlfahrtssysteme. Ein Handbuch. VS Verlag, Wiesbaden, S. 390-392.