Spachtel (Geschier)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geschier. Fir d'Substanz, kuckt wgl. Spachtel (Substanz). |

Eng Spachtel ass en Handwierksgeschier. Si huet e Grëff, deen dacks aus Holz oder Plastik ass, an e laangt, flaacht Blat, dat meescht aus Stol ass. D'Breet, d'Längt an d'Flexibilitéit vun deem Blat variéiere jee no Spachtel.
Spachtele gi bei villen handwierklechen Aktivitéite gebraucht, an deenen ee mat Material schafft, dat eng bräiaarteg Konsistenz hunn, zum Beispill beim Opdroen, Verdeelen a Glatmaache vun der Spachtelmass. Spachtele ginn och beim Erofkraze vu groussflächegem Material gebraucht, zum Beispill bei Tapéiten.
Nieft dem Handwierk kënnt d'Spachtel och an anerer Beräicher zum Asaz, wéi an der Konscht beim Molen oder an der Kichen, wou ee mat der Spachtel agebrannte Réckstänn op den Ubrotfläche kann erofkrazen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Spachtel (Geschier) – Biller, Videoen oder Audiodateien |