Spaghettisbam

Vu Wikipedia

De Spaghettisbam ass en erfonnte Bam, deen an engem Geck-Dokumentarfilm ("mockumentary") als Abrëllsgeck den 1. Abrëll 1957 vun der BBC gewise gouf.

De Film gouf an der Emissioun Panorama ausgestraalt, an huet gewisen, wéi am Kanton Tessin an der Schwäiz d'Spaghettie rekoltéiert ginn. Et konnt ee gesinn, wéi Baierinne se vun de Beem gepléckt hunn, se gedréchent an owes - " 't geet näischt iwwer frësch selwergezillte Spaghettien" - zerwéiert hunn.

De bekannte Speaker Richard Dimbleby deen de Commentaire dovu geschwat huet, huet erzielt, datt Bauere sech iwwer Spéitfrascht am Mäerz Suerge méichen, mä elo eng besonnesch gutt Rekolt erwaarde géifen, an datt déi gläichméisseg Längt e Succès vu jorelaangen Ziichtunge wier.

Ongeféier 8 Millioune Leit hunn de "Reportage" gesinn. Honnerten hunn duerno ugeruff, sief et, well se der Saach net sou richteg getraut hunn, sief et, well se gär wossten, wou ee sou ee Bam ze kafe kréich. An den 1950er Jore ware Spaghettien an England nach eppes zimmlech Exotesches, dat ee, wann iwwerhaapt, a Béchse mat Tomatenzooss kafe konnt.

Et gouf awer och vill iwwer de Film diskutéiert, well vill Leit sech vun der Televisioun "bedru" gefillt hunn a kritiséiert hunn, datt express Saachen, déi falsch sinn, als richteg gewise goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]