Spaghettisläffel

Vu Wikipedia
Spaghettisläffel

E Spaghettisläffel ass e Kichegeschier, dat dozou déngt, Spaghetti oder och aner Nuddelen aus enger Schossel oder aus engem Dëppen ze huelen, fir se op en Teller ze leeën.

Dat Besonnescht un dem Läffel ass datt en am Fong e Lach huet duerch dat Waasser oflafe kann, an een d'Nudelen sou och direkt aus dem Kachewaasser huele kann.

Wann dës Läffelen aus Metall sinn, wat meeschtens de Fall ass, si s'aus Inox oder aus Cromargan hiergestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spaghettisläffelen – Biller, Videoen oder Audiodateien