Speis
Speis ass eng bräiaarteg Mëschung aus verschiddene Komponenten, déi mat der Zäit aushäert an am Bauwiesen agesat gëtt.
Speis besteet aus:[1]
- engem Bannmëttel, gewéinlech Kallek, Zement oder eng Mëschung aus béiden, dat no dem Aushäerde fir d'Festegkeet suergt;
- Zouschlagstoffer wéi Sand oder ganz kleng Steng, déi der Speis Volumen a Stabilitéit ginn a se méi einfach ze verschaffe mécht;
- Waasser, dat dat Ganzt formbar mécht an d'Bannmëttel aktivéiert.
Déi Bestanddeeler ginn an ënnerschiddleche Verhältnesser gemëscht, jee nodeem, wéi eng Festegkeet, Haftung oder Formbarkeet gewënscht ass.[2]
Am Bauwiesen déngt Speis dozou, eenzel Bauelementer wéi Zillen oder Steng mateneen ze verbannen, zum Beispill beim Baue vu Maueren. Se wierkt awer net nëmmen als eng Zort Pech, mee verhënnert och d'Andrénge vu Waasser an dréit zur Stabilitéit vum Bauwierk bäi. Do dernieft ka Speis beim Verbotze vu Wänn gebraucht ginn, fir se glat ze maachen a viru meteorologeschen Aflëss ze schützen. Speis gëtt och um Buedem agesat, zum Beispill bei Fëllementer, Buedemplacken oder beim Hierstelle vun enger Chape fir Buedembeleeg.[3][4]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Speis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Was ist Mörtel?. greton-beton.de. Gekuckt de 16. Februar 2026.
- ↑ (fr) Les mortiers. toutsurlebeton.fr. Gekuckt de 16. Februar 2026.
- ↑ (de) Mörtel. sus-zentrum.com. Gekuckt de 16. Februar 2026.
- ↑ (fr) Pascale Marquet, Le mortier : définition, quelle utilisation, comment le choisir ?. ouest-france.fr (2. Juni 2024). Gekuckt de 16. Februar 2026.