Spigelmetall

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Spigelmetall (och Speculum lat. fir Spigel) ass eng ganz haart, gutt poléierbar, wäisslech Bronzelegierung aus Koffer, Zënn an aner Metallzousätz, déi d'Härt an d'Poléierméiglechkeet verbesseren.

Legierungen[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde fir Spigel benotzte Legierungen sinn:

  • einfach Zënnbronze aus Koffer an Zënn am Mëschungsverhältnes vu 4:1 bis 2:1, deelweis ënner Zousaz vun 1 bis 2 % Arsen.
  • 71–72 % Kofffer, 18–19 % Zënn, 4–4,5 % Antimon an Bläi (alréimesche Spigel).
  • 80,8 % Koffer, 9,1 % Bläi, 8,4 % Antimon (e chineesesche Metallspigel).
  • Platin a Stol am Verhältnes 1:1 (ergëtt e besonnescht wäisst Metall).
  • 350 Deeler Kofer, 165 Deeler Zënn, 20 Deeler Zénk, 10 Deeler Arsen, 60 Deeler Platin.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der gudder Poléierméiglechkeet hu sech aus der Legierung Metallspigel (Speculum) maache gelooss; och fir Fabrikatioun vun Haaptspigelen vun Teleskope gouf et benotzt. Beispillsweis huet de Lord Rosse am Joer 1845 dës Legierung fir d'Hierstellung vum 1,8 Meter groussen an 3,5 Tonne schwéiere Spigels vum "Leviathan" agesat.

Nodeeleg un der Legierung war, datt si an der Loft vergläichsweis séier ugelaf ass an datt esou d'Reflexiounsverméigen nogelooss huet; e stännegt Nopoléieren vun de Spigelen war noutwendeg. Metallspigel goufen duerch versëlwert Glasspigel mat der Entwécklung duerch den Carl August von Steinheil an dem Jean Bernard Léon Foucault, baséierend op enger Prozedur vum Justus Liebig, 1859 ofgeléist.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]