Op den Inhalt sprangen

Spiller vun de klenge Länner 2025

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spiller vun de klenge Länner 2025
Land Andorra
Editioun 20.
Natiounen 9
Athleeten ca. 1.000
Sportaarten 17
Ufank 26. Mee 2025
Schluss 31. Mee 2025
Virdrun Malta 2023
Duerno Monaco 2027

D'Spiller vun de klenge Länner 2025 oder XX. Spiller vun de klenge Länner, goufe vum 26. bis den 31. Mee 2025 am Fürstentum Andorra organiséiert.

Andorra hätt schonn déi 19. Editioun vun de Spiller 2021 ausdroe sollen, d'Manifestatioun war awer wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie ausgefall. Virun 2025 war Andorra schonn 1991 an 2005 d'Gaaschtland vun de Spiller vun de klenge Länner.

Um Programm stounge follgend siwwenzéng Sportaarten:

D'Kompetitioune goufen zu Andorra la Vella, Ordino, Canillo, Encamp, Escaldes-Engordany an zu Sant Julià de Lòria ofgehalen

Lëtzebuerger Participatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Op de Spiller waren 166 Lëtzebuerger Athleete vertrueden[1]. De Chef de mission war de Laurent Carnol an d'Fändelen op der Erëffnungszeremonie goufe vun der Magaly Meynadier an dem Alex Kirsch gedroen.

Lëtzebuerg huet 32 gëllen, 27 sëlwer a 27 bronze Medaile gewonnen a koum mat 86 Medailen hannert Zypern (36 + 30 + 42 = 108 Medailen) op déi 2. Plaz am Medailespigel.

 Commons: Spiller vun de klenge Länner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburg reist mit stark vergrößertem Kader zu den JPEE in Andorra. Luxemburger Wort (05.05.2025). Gekuckt den 29.05.2025.