Sporbech (Trëtterbaach)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat enger Niewebaach vun der Trëtterbaach. Fir d'Sporbech déi an d'Wolz leeft, kuckt wgl. Sporbech (Wolz).
Sporbech
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Horbich
Héicht 466 m
Koordinaten 50° 05’ 14.9’’ N
      05° 53’ 36.9’’ O
Konfluenz
Leeft an Trëtterbaach
Plaz Wëllfralee
Héicht 431 m
Koordinaten 50° 05’ 52.30’’ N
      06° 00’ 25,30’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg

D'Sporbech ass eng kleng Baach zu Lëtzebuerg, am Éislek, an der Gemeng Wëntger.

Se huet hir Quell um Flouer Horbich op enger Héicht vu 466 Meter, knapps en hallwe Kilometer vun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz. Si leeft a südwestlecher Richtung, fir knapps 2 Kilometer Loftlinn vun hirer Quell ewech bei der Wëllfralee, op enger Héicht vu 431 Meter, vu lénks an d'Trëtterbaach ze fléissen.

Op hirem Wee bilt si e Fiichtgebitt, dat zanter 2017 als Naturschutzgebitt Sporbaach klasséiert ass. Kuerz dono leeft se ënnert dem CR333 erduerch.