Sportlycée

Vu Wikipedia
Sportlycée
De Sportlycée um Fetschenhaff
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Fetschenhaff
Adress 66 Rue de Treves, 2630 Luxembourg
Leedung Pascal Schaul
Schülerzuel 451
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 21. Juli 2012
Um Spaweck https://portal.education.lu/sportlycee

De Sportlycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul um Fetschenhaff an der Stad Lëtzebuerg, déi 2012 geschaaft gouf[1]. D'Zil vum Lycée ass et fir Schoul a Sport fir déi talentéiert jonk Athleete sou gutt wéi méiglech mateneen ze verbannen.

De Lycée gouf 2011/2012 um Fetschenhaff beim INS gebaut. D'Baukäschten hu sech op 11 Milliounen Euro chiffréiert. Zum Lycée gehéieren och en Internat an e Schoulrestaurant.

Am Schouljoer 2012/13 ware ronn 330 Schüler ageschriwwen. 2017/18 waren et der 382. D'Maximal-Capacitéit ass op 430 jonk Sportler ausgeluecht, fir d'Schouljoer 2022/23 ware 451 Schüler ageschriwwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

2001 gouf et déi éischt Sportsklassen am Lycée Aline-Mayrisch (LAML)[2]. Am Schouljoer 2007/2008 gouf de Sportlycée dunn als Annex vum LAML beim INS um Fetschenhaff an d'Liewe geruff. Am Oktober 2011[3] haten d'Aarbechte vum Gebai ugefaangen. 13 Méint méi spéit konnten d'Schüler vun de Container an déi nei Maueren eriwwer plënneren. Déi offiziell Aweiung vum Gebai war den 22. Februar 2013[4],[5] a Presenz vun der Erzéiungsministesch Mady Delvaux-Stehres, dem Bauteminister Claude Wiseler, dem Sportminister Romain Schneider, dem COSL-President André Hoffmann an dem deemolege Schouldirekter Raymond Conzemius.

E puer Joer drop war kloer, datt dëst Gebai net genuch Plaz hätt[6]. Nodeems kuerz den Houwald am Gespréich war, huet am Juli 2018 de Bildungsminister Claude Meisch an der Chamber matgedeelt, datt d'Regierung wëlles hätt, en neit Gebai zu Mamer, nieft dem Lycée Josy Barthel bauen ze loossen[7]. 2019 koum dunn nach en eventuell neie Standpunkt an d'Gespréich, an zwar nieft der Coque um Kierchbierg[8].

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Datum Direkter Bemierkung
... - 2020 Raymond Conzemius wiesselt op den 01.11.20 als techneschen Direkter an den COSL[9]
01.11.2020[10] - Pascal Schaul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sportlycée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 21 juillet 2012 portant création du Sportlycée op legilux.lu, gekuckt den 8. Februar 2020
  2. Reform im öffentlichen Dienst - Eigenständige Struktur für das Sportlycée
  3. Sportlycée: Ausbau ab Juli
  4. Luxemburger Wort Nr. 46 vum 23. Februar 2013, S. 21: Zieleinlauf nach Rekordzeit
  5. Sportlycée offiziell in Betrieb genommen
  6. " "Neuer Standort ist eine Chance für die Sportler". " wort.lu, 12.03.2018.
  7. "Neues Sportlycée kommt nach Mamer." wort.lu, 11.07.2018.
  8. (Michèle Gantenbein) ENAD: Nach Belval nun doch Mamer. wort.lu (08.05.2019). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
  9. De Raymond Conzemius wiesselt vum Sport-Lycée bei de Comité Olympique. rtl.lu (17.07.2020). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
  10. Pascal Schaul: "Das Sportlycée ist eine anerkannte Schule". Wort.lu (2020-11-26). Gekuckt de(n) 2020-11-26.