Spuenien

Vu Wikipedia


Reino de España

Spuenesche Fändel

Spuenescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Plus Ultra
Offiziell Sprooch: Spuenesch
(regional: Katalounesch, Galizesch, Baskesch)
Haaptstad: Madrid
 • Awunner: 3 155 359 (2005)
 • Koordinaten: 40°43'N, 3°69'W
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek: Felipe VI.
 • Ministerpresident: Pedro Sánchez
Fläch: 504 782 km² (50.)
 • Dovu Waasser: 1,04 % %
Bevëlkerung: 43 197 684 (29.)
 • Bevëlkerungsdicht: 85,58/km²
Onofhängegkeet: 1492, d'Enn vun der Reconquista
Nationalfeierdag: 12. Oktober
Nationalhymn: Marcha Real
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1
(Kanaresch Inselen: UTC)
Internet TLD: .es
Internationalen
Telefonsprefix
:
+34

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der ibeerescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Spuenien.

Cuenca, Spuenien

Ëm 1.100 v. Chr. hunn d'Phönizier verschidden Handelsnéierloossungen op der Küst gegrënnt. Ab 200 v. Chr. ass d'Land un d'Réimer gaangen, déi et 600 Joer laang an hirem Besëtz haten. Am Joer 711 koumen d'Araber iwwer Gibraltar an d'Land. No nëmmen zwee Joer hate si bal déi ganz ibeeresch Hallefinsel eruewert, ausser Asturien, dat sech erfollegräich verdeegegt hat. Spuenien huet zu der Zäit nach Al-Andalus geheescht. 756 gouf d'Emirat vu Córdoba gegrënnt.

Vun 1087 bis 1563 war Toledo d'Haaptstad vu Spuenien.

Eréischt 1492 ass déi vollstänneg chrëschtlech Zeréckeruewerung d'Reconquista gelongen. Domat huet och d'Verdreiwung vun de Moslemen an de Judden ugefaangen.

Dat selwecht Joer huet de Christoph Kolumbus Amerika entdeckt an domat den Ufank fir spuenesch Virherrschaft um Mier agelaut. Mam Bestietnes vun der Isabella vu Kastilien mam Ferdinand vun Aragón gouf am Joer 1469 eng nei Epoch ageleet.

Ufank vum 16. Joerhonnert koum déi spuenesch Kroun an de Besëtz vun den Habsburger, et war den Optakt zu engem Welträich.

1588 hunn d'Englänner déi spuenesch Armada vernicht an 1700 geet déi Habsburger Dynastie mam Doud vum Karl II. op en Enn. No den Habsburger koumen d'Bourbonen un d'Muecht bis dem Napoleon Bonaparte seng Truppen a Spuenien agefall sinn. Dee 6-järegen Onofhängegkeetskrich deen duerno zustane koum, hat ganz schlëmm Konsequenze fir déi spuenesch Ekonomie.

No der napoleonescher Invasioun gouf de Josef Bonaparte op den Troun beruff. Wéinst dem staarke Widderstand vun der spuenescher Populatioun koum et nees zu engem Muechtwiessel an d'Bourbonen hunn de Fernando VII. op den Troun gesat.

1873 gouf déi éischt Republik proklaméiert, mä mat engem militäresche Putsch 1875 gouf d'Monarchie erëm hiergestallt. Den Alfonso XII. an duerno säi Jong den Alfonso XIII. goufe Kinnek vu Spuenien.

Am Ufank vum 19. Joerhonnert hu sech déi latäinamerikanesch Kolonië vum Mammeland geléist.

De faschistesche Generol Francisco Franco huet 1936 d'Muecht mat engem Putsch u sech gerappt an e Biergerkrich ausgeléist. No senger Viktoire am Joer 1939, gouf Spuenien politesch isoléiert. Am Ufank vum Koreakrich huet de Kale Krich säin Héichpunkt erreecht an Amerika intresséiert sech fir Spuenien, wéinst sengem strategesche Wäert.

1953 hu béid Länner de Pakt vu Madrid ënnerschriwwen, mat deem ekonomesch an aussepolitesch Hëllef versprach gouf. US-Militärbase ginn a Spuenien agericht. Mat der Ënnerstëtzung vun den USA gëtt Spuenien 1955 Member vun der UNO a mécht senger internationaler Isoléierung domat en Enn.

1975 ass de Franco gestuerwen an de Kinnek Juan Carlos gouf Chef vum Land. Zwee Joer duerno goufen déi éischt fräi Wale zanter méi wéi 40 Joer ofgehalen.

1986 gouf Spuenien Member vun der EU.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geographie vu Spuenien.

Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa, op der ibeerescher Hallefinsel. En huet eng Fläch vu 504.782 km². Am Norde grenzt et u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenie gehéieren ausserdeem nach d'Balearen an d'Kanaresch Inselen.

Zu Spuenie gehéieren nach d'Exklav Llívia, déi am franséischen Departement Pyrénées-Orientales läit, souwéi d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Spuenien huet vill Bierger. De Kär vun der ibeerescher Hallefinsel bilden zwou Héichflächen (Mesetas). Si huelen zesummen zwee Drëttel vun der totaler Fläch an. Et sinn d'Meseta vun Al-Kastilien/Léon déi 800 m héich ass an d'Mesata vun Nei-Kastilien mat Extremadura a La Mancha déi 200 m héich ass.

D'Kastilesch Bierger deelen d'Héichfläch, déi vu sëllege Bierger ëmginn ass: de Kantabresche Bierger an de Pyrenäen am Norden an der Sierra Morena am Süden.

Am Süden erstreckt sech dat andalusescht Déifland.

E Véirel vum Land ass Bësch. Am fiichten Norde fënnt een éischter Buchen, Eechen an Iesskäschten, am Mëttelmiergebitt déi typesch Planze wéi Macchjien oder Olivebeem.

Gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt den Artikel: Lëscht vun de spuenesche Groussstied

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Bevëlkerung gëtt et an de Ballungszentren laanscht d'Küst an an den industrialiséierte Gebidder. Nëmmen ee Véirel vun der Bevëlkerung wunnt um Land. De gréissten Deel stellen d'Kastilier, d'Andalusier, d'Asturier an d'Aragoner duer, also all déi Leit déi kastilesch schwätzen. Et sinn 73 %. 17 % si Katalanen, 7 % Galizier an 2 % Basken.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell sinn déi meescht Spuenier kathoulesch.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne vun der spuenescher Sprooch kommen aus dem Latäin. A Spuenie gëtt Spuenesch (Kastilesch), Katalounesch, Galizesch a Baskesch geschwat. Spuenesch ass déi offiziell Sprooch a ganz Spuenien, wärend déi aner dräi just an de jeeweilegen autonome Gebidder offiziell Sprooch sinn. Leoneesesch an Aragoneesesch gëtt och a Spuenie geschwat, mä si sinn net als offiziell Sprooch unerkannt. Zu Valencia an op de Balearen ginn och nach Ofwandlunge vum Katalounesche geschwat: Valencianesch a Mallorquinesch.

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

All Spuenier muss vum 6. bis zum 16. Liewensjoer an d'Schoul goen. No der Primärschoul kommen nach dräi weider Joer hannendrun.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Bis an d'60er Jore war Spuenie gréisstendeels en Agrarland. D'Industrialiséierung huet vill ekonomesch Problemer mat sech bruecht, soudatt de Chômage bei 20 % läit. Den Undeel vun der Landwirtschaft um Bruttoinlandprodukt läit bei 4 %, de vun der Industrie bei 34 %. Den Déngschtleeschtungssecteur ass dee gréisste mat iwwer 60 %.

Déi wichtegst Industrieberäicher sinn d'Stolproduktioun, d'Autos- an d'Schëffsbauindustrie, d'Liewensmëttelproduktioun, d'Textilindustrie an d'Chimieindustrie. Déi meescht grouss Firme gehéieren auslännesche Bedreiwer, wéi z. B. VW oder Bayer. Den Aussenhandel ass net ausgeglach, héich Importer sti géint niddreg Exporter. Dësen Defizit wiesst ëmmer méi.

E wichtege Faktor ass den Tourismus, deem säin Zouwuess all Joer ëm 10 % klëmmt.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och: Lëscht vun de spuenesche politesche Parteien

De fréiere spuenesche Kinnek Juan Carlos

Zanter der Constitutioun vun 1978 ass Spuenien eng parlamentaresch Monarchie. Säi Gouvernement huet awer méi d'Form vun enger Republik wéi vun enger Monarchie. Déi konstitutionell Organer sinn:

D'Kroun ass ierflech an de Kinnek ass den ieweschte Chef vum Staat. D'Funktioune vum Kinnek sinn haaptsächlech op representatif Zwecker vun der Verfassung festgeluecht, souwéi op d'Benennen an d'Entlosse vu Regierungscheffer an d'Bestätege vun de Gesetzer.

De Kongress gëtt fir véier Joer gewielt a besteet aus ongeféier 400 Memberen. De Senat besteet aus 208 Memberen déi direkt vum Vollek gewielt ginn, déi aner 51 Membere gi vun de jeeweilege Parlamenter vun den Autonome Gebidder bestëmmt. De Senat wiesselt och all Kéier no véier Joer.

Spuenien ass zanter Januar 1986 Member vun der EU.

Autonom Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi autonom Gebidder (Comunidades Autónomas) vu Spuenien sinn:

Déi zwou autonom Stied (Ciudades Autónomas) sinn:

Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dozou och den Artikel Fauna a Flora a Spuenien.

A Spuenie gëtt et méi wéi 400 verschidde Gebidder déi ënner Naturschutz stinn. Si hunn am Ganzen eng Fläch vun iwwer zwou an eng hallef Millioun Hektar, déi déi wichtegst Ökosystemer vun der Ibeerescher Hallefinsel an den Inselen zesummefaassen.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi ongëschteg landwirtschaftlech Bedéngungen ass et ganz schwéier déi noutwendeg Infrastrukturen duerch ganzt Land anstänneg ze bauen. Persounen- a Giddertransport ginn haaptsächlech iwwer d'Stroosennetz gemaach. Déi privat an déi staatlech Eisebunngesellschafte sinn net an der Lag den Transport uerdentlech ze garantéieren. Duerch den Tourismus si vill international Fluchhäfe laanscht d'Küst entstanen, wou och ganz wichteg Häfe sinn (Barcelona, Gijón, …).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Spuenien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien