Spuerkeess

Vu Wikipedia
Banque et caisse d'épargne de l'État, Luxembourg
Spuerkeess

De Siège op der Metzer Plaz
Typ Onofhängegt ëffentlecht Etablissement
Slogan Spuerkeess - Your bridge to life.
Grënnungsdatum 21. Februar 1856
Sëtz Spuerkeessgebai
1, Place de Metz
L-2954 Lëtzebuerg
Leedung Françoise Thoma (CEO)
Camille Fohl (President vum Verwaltungsrot)[1]
Mataarbechter 1.840 (2020)
Branche Bank
Homepage www.spuerkeess.lu


D'Spuerkeess, Franséisch och Banque et Caisse d'Épargne de l'État, Luxembourg, ass eng staatlech Bank an huet de Statut vun engem onofhängegen ëffentlechen Etablissement[2].

Geschicht[3][änneren | Quelltext änneren]

D'Spuerkeess gouf duerch e Gesetz vum 21. Februar 1856 duerch de Groussherzog Wëllem III. als Caisse d'épargne de l'État du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt[4]. De Verwaltungsrot hat dräi Memberen a koum fir eng éischt Sëtzung ënnert der Presidence vum Professer Nic. Martha den 18. August 1859 beieneen. Den Haaptsëtz vun der Spuerkeess war deemools am Haus Ketter an der Dräikinneksgaass an der Stad, iwwerdeems d'Guicheten um Krautmaart, am Sëtz vun der Regierungskommissioun, dem haitege Palais waren.

Vun 1862 un war et erlaabt, datt och Auslänner hir Sue bei der Spuerkeess deposéiere konnten. D'Vertraue vun der Ëffentlechkeet war vum éischten Dag u ganz gutt, soudatt se 1869 schonn en Depot vun enger Millioun Frang hat.

Wann et bis 1900 der Spuerkeess hir eenzeg Aufgab war, fir de Leit hiert Erspuernes ze verwalten, sou konnt d'Land awer duerno - duerch d'Aféiere vum Crédit foncier am Joer 1900 an der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) 1919 - och vun dësem Kapital profitéieren an d'Spuerkeess huet sou zum Wuelstand vum Land bäigedroen.

Nodeems d'Nei Bréck gebaut gi war, huet d'Regierung der Spuerkeess proposéiert, datt se am Ufank vun der Neier Avenue, op der Metzer Plaz, fir hire Siège e markant Gebai baue sollt. De Lëtzebuerger Architekt Jean-Pierre Koenig huet doropshin tëscht 1909 an 1913 d'Spuerkeessgebai am franséischen Neo-Renaissance-Stil mat Jugendstil-Elementer gebaut.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spuerkeessgebai.

Duerch den Éischte Weltkrich an ënnert der däitscher Besatzung wärend véier Joer, hëlt d'Wirtschaft séier of an e kënnt zu enger schwaacher Inflatioun. D'Gold verschwënnt a gëtt duerch Pabeiergeld ersat.

1916 hat d'Spuerkeess Clientsdepote vun 100 Millioune Lëtzebuerger Frang.

Mam Enn vum Éischte Weltkrich 1918 kënnegt Lëtzebuerg seng Memberschaft am Däitschen Zollveräin a kuckt sech no engem neie Wirtschaftspartner ëm. Déi däitsch Wärung gëtt mat engem Cours vun 1,25 Frang / Mark géint lëtzebuergesch Obligatioune gewiesselt. Opgrond vum Wäertverfall vun den däitschen Titre grad ewéi vun de russeschen an italieenesche Wäertpabeieren, mécht d'Spuerkeess e Verloscht vun 20 Millioune Frang, dee s'awer an de nächste fënnef Joer komplett ausgläiche kann.

1921 ënnerschreift Lëtzebuerg den Accord fir der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun bäizetrieden, déi 1922 a Kraaft trëtt an nach bis haut besteet. Lëtzebuerg hëlt de Belsche Frang als Wärung a béid Länner kënnen hir wirtschaftlech Lag séier verbesseren. Déi éischt Ofwäertung vum belsche Frang (1926) léist e Stuerm op d'Spuerkeess aus. D'Ursaach vun dësem Evenement si warscheinlech d'Bedenke vun der Ëffentlechkeet géintiwwer der plëtzlecher Ofwäertung vum Frang.

De 5. Abrëll 1928 gëtt d'Bourse vu Lëtzebuerg gegrënnt; d'Spuerkeess ass Grënnungsmember an Haaptaktionär a bleift bis haut de gréissten Aktionär vun der Lëtzebuerger Bourse.

Vun 1929 un bitt d'Spuerkeess - duerch e Gesetz vum 26. Abrëll 1929[5] - en neie Service fir Sozialwunnengen un. Dësen neie Service, deen der Regierung direkt ënnersteet a vun der Spuerkeess am Numm an ënnert der Garantie vum Staat verwalt gëtt, huet d'Aufgab, Prête mat bëllegen Zënsen z'accordéiere fir datt och déi sozial méi schwaach gestallte Leit sech eng gënschteg Wunnengen uschafe kënnen.

1930 gëtt et Gesetz[6] gestëmmt, mat deem de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess quasi all Decisiounen eegestänneg huele kann. Vun 1937 un däerf d'Spuerkeess och de Privatclientë Prêten a kuerzfristeg Kreditlinnen um compte courant accordéieren, wann déi déi néideg Sécherheete garantéiere kënnen[7].

No der däitscher Invasioun den 10. Mee 1940 ginn de Lëtzebuerger an de belsche Frang ofgeschaaft an duerch d'Reichsmark als gesetzlech Wärung ersat. D'Spuerkeess an de Crédit foncier ginn opgeléist an duerch véier Regionalspuerkeesen nom däitsche Modell ersat (Stadtsparkasse Luxemburg, an dräi Kreissparkassen zu Dikrech, Esch-Uelzecht a Gréiwemaacher). Dës nei Spuerkeese gi vun däitsche Fonctionnaire geréiert. Och wann déi sech äerdeg drëm beméit hunn an trotz de positive Bilanen - déi virun allem op d'Zwangsmoossname géint de private Bankesektor zeréckzeféiere sinn - déi d'Spuerkeess Opweises hat, hunn se mat der Akzeptanz vun de Lëtzebuerger ze kämpfen. Ronn 85% vun de Konte vun der fréierer Spuerkeess ginn nämlech wärend dem Krich net ugeréiert.

Wärend der Befreiung vum Grand-Duché (1944-1945) war dem Generol Omar N. Bradley vun der 12th US Army Group säi Quartier général am haitege Spuerkeessgebai.

D'Spuerkeess op Nummer 2 Metzer Plaz.
D'Gebai „Rousegäertchen“.
19 Liberté, dat fréiert Arbedsgebai.

Enn 1950 erreecht d'Bilanszomm 4 Milliarde Lëtzebuerger Frang. An där Zäit entwéckelt sech d'Spuerkeess sou wéi d'Ekonomie am Allgemengen. Well d'Bilanszommen an d'Gewënner permanent klammen, leet d'Spuerkeess sech e Reservefong un, fir hire finanzielle Responsabilitéiten nozekommen. 1959 ass d'Spuerkeess un der Grënnung vum éischte Lëtzebuerger Investmentfong „Eurunion“ bedeelegt.

D'Konzept vum „Schoulspueren“ gëtt et schonn am 19. Joerhonnert, ass awer vun der Bevëlkerung eréischt nom Krich akzeptéiert ginn. 1961 relancéiert Spuerkeess d'Schoulspueren nees a mécht et besonnesch attraktiv: all Schüler aus dem éischte Schouljoer kritt am Kader vum „Schoulspuerdag“ e Spuerbuch mat 100 Frang an eng Parzeläinsspuerbécks geschenkt. Dës Traditioun gouf bis haut bäibehalen. Niewent dem Schoulspuere gëtt uganks vun den 1960er Joren d'Spuerbuch och nach mat verschiddenen anere Moossname gefërdert, sou wéi z. B. mat Fidelitéitsprimmen, mat Bauspueren an dem Spuere mat Zil fir sech eppes unzeschafen.

Duerch en arrêté ministériel vum 12. Abrëll 1972 däerf d'Spuerkeess sech elo och „Staatsbank“ (Banque de l'État) nennen.

Mam Gesetz vum 14. Juni 1983[8] ënnerläit d'Spuerkeess elo dem Droit commun. An engems gëtt festgeluecht wéi de Benefice vum Etablissement benotzt soll ginn. Éier den Institut monétaire luxembourgeois 1983 gegrënnt gouf, huet d'Spuerkeess Geldschäiner a Lëtzebuerger Frang erausginn. Si haten zu Lëtzebuerg Cours nieft deene vun der Banque Nationale de Belgique an deene vun der Interbank, déi och en Emissiounsrecht hat.

Nodeems d'Direktioun vun der „Guillaume-Luxembourg“ Eisebunnsgesellschaft, d'CECA (1952 - 1968) an duerno (1968 - 1980) d'Europäesch Investitionsbank (EIB) hire Siège op Nummer 2, Place de Metz haten, ass et 1987 un der d'Spuerkeess sech och an dësem Gebai - direkt géintiwwer dem Spuerkeessgebai - néierzeloossen. Tëscht 1988 an 1994 baut d'Spuerkeess en neit Gebai „Rousegäertchen“ beim Rousegäertchen, um Eck vun der Zithastrooss.

Am Kader vum Gesetz vum 24. Mäerz 1989 iwwer d'Reform vun der Spuerkeess[9] gëtt den aktuellen Numm „Banque et caisse d'épargne de l'État, Luxembourg“[10] ugeholl. Dës Ëmbenennung steet fir d'geschäftlech Ausriichtung vun der Bank an hire Status als Universalbank.

1987 ginn d'Guicheten am Haaptgebai zou gemaach. Am selwechte Joer gëtt ugefaangen an enger Déift vun 15 m en 350 m laangen Tunnel ze gruewe fir déi zwéi Gebaier 1 an 2 op der Metzer Plaz an d'Gebai um Rousegäertche mateneen ze verbannen. Den Tunnel gëtt etappeweis vum Mäerz 1991 un a Betrib geholl. 1994 geet d'Konschtgalerie „Am Tunnel“[11] op, an där zanterhier Ausstellunge vun international bekannte Kënschtler gewise ginn a wou méi spéit (vun 2000 un) och en Deel fir d'Wierker vum Edward Steichen reservéiert ass.

Do wou bis 1987 d'Guichete waren, geet 1995 de Bankemusée op, wou een d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Bankeplaz entdecke kann.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bankemusée.

1996 mécht d'Spuerkeess déi éischt Schrëtt a Richtung vum Electronic banking mat hirer Internetsäit www.bcee.lu an dem S-Line, dem éischte Produit fir am Offline-Modus Bankgeschäfter mat engem PC z. B. vun doheem aus ze maachen.

Fir d'éischt an der Geschicht, klëmmt 1997 d'Bilanszomm vun der Bank iwwer 1.000 Milliarde Frang.

1999 gëtt den Electronic banking ausgebaut an den S-net, en Internet-Banking-Service gëtt agefouert. Den Erfolleg bei de Clienten iwwertrëfft all Erwaardunge vun der Bank.

2006 grënnt d'Spuerkeess hir eegen, onofhängeg Verwaltungsgesellschaft „Lux-Investment Advisors (LIA)“, déi méi spéit, am Joer 2011, an „BCEE Asset Management“ ëmgenannt gëtt[12].

No der Aféierung vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) gëtt d'Spuerkeess am November 2014, als systemesch Bank, ënnert d'Opsiicht vun der Europäescher Zentralbank gestallt, deem seng Haaptziler de Schutz an d'Soliditéit vum europäesche Bankesystem an d'Stäerkung vun der Integratioun a vun der finanzieller Stabilitéit an Europa sinn.

2015 keeft d'Spuerkeess dat fréiert Arbedsgebai an der Neier Avenue an der Stad a léisst et fir verschidden Aktivitéiten ëmänneren. D'Gebei kritt den Numm 19 Liberté.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arbedsgebai.

D'Spuerkeess haut[änneren | Quelltext änneren]

Déi international Ratingsagencë „Standard & Poor's“ a „Moody's“ hunn der Spuerkeess fir 2019 déi exzellent Notten AA+ respektiv Aa2 confirméiert wéinst der Spuerkeess hirem Profil vun engem moderéierte Risiko an der Qualitéit AAA vun hirem eenzegen Aktionär, dem Lëtzebuerger Staat. Op der Basis vun dëser Bewäertung kënnt d'Spuerkeess an der Zäitschrëft „Global Finance“ hirer Lëscht vun de fofzeg sécherste Banke vun der Welt op déi 8. Plaz[13],[14].

2019 huet d'Spuerkeess uechter d'Land 65 Agencen. Den Nettoresultat läit bei 183,9 Milliounen Euro. D'Spuerkeess beschäftegt ronn 1.840 Leit.

Den 18. Oktober 2019 ass d'Spuerkeess den éischten lëtzebuerger Participant vun den "principles for Responsible Banking" vun der UN (UNEP FI).

An der KPMG Etude iwwer die beléifst Marken zu Lëtzebuerg koum d'Spuerkeess op déi 2. Plaz am Gesamtklassement, an op déi 1. Plaz bei de Banken.

Se ass ë. a. u grousse Gesellschafte bedeelegt, wéi z. B.:

De Camille Fohl ass de President vum Verwaltungsrot[15]. Generaldirektesch zanter dem 1. Juni 2016 ass d'Françoise Thoma[16].

De BIC-Code vun der Spuerkeess ass BCEELULLXXX.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Participations de l'Etat - Etablissements publics, Fondations et Groupements d'intérêt économique. te.public.lu Gearchiveerd op 2020-08-26. Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  2. Recueil des Administrations, Services et Établissements publics. legilux.public.lu (8. September 2020). Gekuckt de(n) 10.09.2020.
  3. Quell, wou net anescht uginn: (de) Die Geschichte der BCEE an (fr) L'histoire de la BCEE op bcee.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  4. Loi du 21 février 1856 portant établissement d'une caisse d'épargne et abrogation des lois des 18 et 20 mars 1853 sur le crédit foncier et la caisse de prévoyance. Mémorial A n° 6 vum 10. Mäerz 1856, op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  5. Loi du 26 avril 1929 concernant la création d'un organisme pour l'allocation de crédits à taux d'intérêt réduit pour habitations à bon marché, biens ménagers et jardins ouvriers et pour l'amélioration hygiénique des logements Am Memorial 23 vum 3. Mee 1929 op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  6. Loi du 16 juin 1930 portant réorganisation du Crédit foncier de l'Etat. Mémorial A n° 29/1930 vum 10.03.1856, op legilux.lu
  7. Arrêté grand-ducal du 27 mai 1937 portant réglementation de la mise en gage du fonds de commerce am Memorial vum 31. Mee 1937, op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  8. Loi du 14 juin 1983 modifiant et complétant la législation concernant la Caisse d'Epargne de l'Etat en matière d'imposition directe et d'affection des bénéfices. am Memorial A n° 44 vum 21. Juni 1983, op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  9. Loi du 24 mars 1989 sur la Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, Luxembourg. Mémorial A n° 16 vum 28. Mäerz 1989, op legilux.lu
  10. se ka sech - jee nom Land vun de Aktivitéiten - och „Spuerkeess“, (en) „State and Savings Bank, Luxembourg“ oder (de) „Staatsbank und Staatssparkasse, Luxemburg“ nennen.
  11. Galerie d'art contemporain « Am Tunnel » & Espace Edward Steichen
  12. Mémorial C n° 479 vum 14. Mäerz 2011, op rcsl.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  13. Rapports en bilan 2017 - 162e exercice op www.bcee.lu, gekuckt den 2. Juni 2018
  14. World's Safest Banks 2017 op gfmag.com, gekuckt den 2. Juni 2018
  15. Stand: 23. Mäerz 2021
  16. Françoise Thoma confirmée pour la BCEE de 27. Mee 2016 op paperjam.lu; fir d'lescht gekuckt den 31. Mee 2016