Spureschëld

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign G,3b (D,10).jpg

E Spureschëld ass eng vertikal Signalisatioun, déi gëlteg ass fir eng oder méi Spure vun enger Strooss, wann dës Strooss méi wéi eng Spur an enger Richtung huet.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf, an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Spureschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik VII. Signaux applicables à une ou plusieurs voies d’une chaussée comportant plusieurs voies de circulation dans le même sens beschriwwen.

Lëscht vun de Spureschëlter[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Schëld mat engem Hiwäis op eng Gefor

Schëld G, 1a - Schëld G, 1b

2 Schëld mat engem Verbuet oder enger Restriktioun

Schëld G, 2a - Schëld G, 2b

3 Schëld mat engem Gebuet

Schëld G, 3a - Schëld G, 3b

4 Schëld mat engem Hiwäis

Schëld G, 4a - Schëld G, 4b

5 Schantjen-Schëld

Schëld G, 5a - Schëld G, 5b

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Op den Autobunnen sinn d'Feiler vun de Spureschëlter wäiss op bloem Hannergrond an op den aneren Stroosse schwaarz op gielem Hannergrond. Am Kader vun der Kennzeechnung vu Schantercher sinn d'Feiler schwaarz op wäissem Hannergrond.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spureschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – VII. Signaux applicables à une ou plusieurs voies d’une chaussée comportant plusieurs voies de circulation dans le même sens aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 14. Februar 2019.