Stänneg Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun
Ausgesinn
Stänneg Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun | |
---|---|
D'Maison du Luxembourg, wou d'Lëtzebuerger RP dran ass. | |
Land | Europäesch Unioun |
D'Stänneg Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun (Représentation permanente du Grand-duché de Luxembourg auprès de l'Union européenne) ass eng diplomatesch Institutioun, déi lëtzebuergesch Intressie bei den europäeschen Institutioune verdeedegt.
Et ass déi gréisst diplomatesch Institutioun vu Lëtzebuerg[1].
Si gouf 1958 an d'Liewen geruff[2].
Zanter 1998 ass si an der Maison du Luxembourg zu Bréissel an der Avenue de Cortenbergh/Kortenberglaan ënnerbruecht, zesumme mat ë.a. de Lëtzebuerger Ambassadë bei der Belsch a bei der Nato.
Lëscht vun de stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg zu Bréissel:
- Albert Borschette (1960er Joren)
- Jean Dondelinger (1975-1984)
- Joseph Weyland (1984 - ?)
- Jean-Jacques Kasel (1992-1997)
- Nicolas Schmit (1998-2004)
- Martine Schommer (2000er Joren)
- Christian Braun (2010er Joren)
- Nicolas Mackel (2024 -)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Websäit vun der RP. Gekuckt de(n) 28.11.2024.
- ↑ E. Ruppert, « La représentation permanente du Luxembourg auprès des Communautés Européennes », in La fraternelle luxembourgeoise de Bruxelles, 1971, p.