Stär 3. Gréisst
Als Stär 3. Gréisst ginn zanter der Griichescher Antiquitéit, déi mëttelhell Stäre bezeechent, déi an de Stärebiller d'Konturen tëscht méi helle Stären opfëllen. Si gesinn ongeféier e Véirel sou hell aus, wéi d'Stäre vun der 1. Gréisst. Physikalesch ass hiert Liicht awer 6- bis 15-mol méi schwaach.
Um ganze Stärenhimmel gëtt et 170 Stäre vun der 3. Gréisst. Stärebiller wéi z. B.: Cancer a Pisces besti bal nëmmen aus Stäre vun der 3. Gréisst.
Am Teleskop kënne Stäre bis zur 2. Gréisst oder 3. och am Dag observéiert ginn.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Bezeechnung Stäregréisst respektiv Gréissteklass, staamt vun de fréieren Astronomen Hipparchos (190–125 v. Chr.) a Ptolemäus (100–160). De Ptolemäus ass mat senger Skala bis zur 6. Gréisst fir déi schwächst siichtbar Stäre gaangen.