Stär 4. Gréisst

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Ee Stär vun der 4. Gréisst (3,6 bis 4,5 mag) ass och nach bei wéineg gudder Siicht ze gesinn. Vu véierter Gréisst sinn z. B. déi meescht Stäre vun der Konstellatioun Pisces an aner schwaach Stärebiller, souwéi den Aepréifer-Duebelstär am Ursa Major.

An der griichescher Antiquitéit goufe ronn 3000 bis 5000 Stären, déi ee mat bloussem A ka gesinn, a sechs Hellegkeetsklassen agedeellt, déi bis haut nach gebraucht ginn. Si sinn als Fachbegrëff „visuell Magnitude“ (Magnitude, mag) physikalesch genee definéiert a bis iwwer déi 20. Gréissteklass vergréissert.

Um ganze Stärenhimmel gëtt et 23 Stäre vun der 1. Gréisst, 70 vun der 2. Gréisst, 170 vun der 3. a 430 Stäre vun der 4. Gréisst. Kleng Stärekaarte gi bis zu där Hellegkeet.

D'Skala ass sou ugeluecht, datt all Niveau engem Intensitéits-Verhältnes vum Liicht vun 2,512 entsprécht, an dofir fënnef Stufe genee 1:100. Ee Stär 1. Gréisst (z. B. am Summerdräieck oder am Wantersechseck) ass deemno 15-mol méi hell wéi ee Stär vun der 4. Gréisst, wat eis Aen awer nëmmen als dräi Stufe feststellen (kuckt och Weber-Fechner-Gesetz).

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie