Stéphane Gillet

Vu Wikipedia
Stéphane Gillet
Gebuer 20. August 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Gréisst 190 Zentimeter
Veräin/Ekipp Royal Standard de Liège,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Jeunesse Esch,
SC Stengefort,
Chester City FC,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
Union Lëtzebuerg,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Racing FC Union Lëtzebuerg

De Stéphane Gillet, gebuer den 20. August 1977 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Tëscht dem 11. Oktober 2000 an dem 15. November 2006 war hien 20-mol als Golkipp fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp (A-Kader) am Asaz.[2]

Vun 1996 bis 1998 huet hie fir de Standard Léck gespillt. Duerno an der Saison 1998/1999 war hie bäi der Spora Lëtzebuerg. Vun 1999 bis 2001 war hie beim däitsche Veräin SV 07 Elversberg. Vun 2001 bis 2003 huet hie fir déi zweet Ekipp vum Paris Saint-Germain gespillt. An der Saison 2003/2004 war hie beim Schwäizer Veräin FC Wil 1900. An der Saison 2005/2006 huet hie beim englesche Veräin Chester City FC gespillt. An der Saison duerno war hien nees beim Racing FC Union Lëtzebuerg vu wou hie bei Chester City gaange war.

Zanter 2009 ass hie beim SC Stengefort ënner Vertrag.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Stéphane Gillet op der Websäit vun National Football Teams
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Stéphane Gillet op der Websäit vun European Football