Staatsexamen
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Staatsexamen ass eng Prüfung, déi ee bei enger staatlecher Autoritéit mécht. Si ass néideg fir entweder beim Staat selwer oder fir an engem staatlech reguléierte Beruff dierfen ze schaffen.
Situatioun no Land
[änneren | Quelltext änneren]An Däitschland
[änneren | Quelltext änneren]An Däitschland mussen zum Beispill zukünfteg Dokteren, Zänndokteren, Léierpersonal, Bibliothecairen, Archivisten, Apdikter, Ingenieuren a Juristen e "Staatsexamen" oder eng "Staatsprüfung" ofleeën.[1] An eenzele Beräicher wéi dem Droit an dem Léieramt gëtt et een éischten an en zweete Staatsexamen, an der Medezin an der Pharmazie gëtt et der souguer dräi.[2],[3]
An Holland
[änneren | Quelltext änneren]An Holland huet de "staatsexamen" eng aner Bedeitung. Et ass keen Test, deen et engem erlaabt beim Staat oder an engem staatlech reglementéierte Beruff ze schaffen, mee eng allgemeng Schlussprüfung, déi net vun enger Schoul mee vum Staat selwer organiséiert gëtt. De staatleche Service, deen dofir zoustänneg ass, ass den Dienst Uitvoering Onderwijs ("Implementéierungsdéngscht fir de Bildungsberäich").[4]
Dat Prüfungsformat gëtt vu Leit gebraucht, déi a kenger Schoul ageschriwwe sinn, a vu Schoulen, déi net d'Recht hu, selwer Examen ze organiséieren.
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg kann een och beim Staat schaffen, ouni e Staatsexame gemaach ze hunn. Dann ass ee Staatsemployé. Wann ee wëll Staatsbeamte ginn, muss een de Staatsexame packen, deen "Épreuve d'aptitude générale" op Franséisch heescht.[5]
An der Schwäiz
[änneren | Quelltext änneren]An der Schwäiz heescht de Staatsexamen op Däitsch "eidgenössische Prüfung", respektiv "examen fédéral" oder "esami federali" op Franséisch an Italieenesch. E beweist, datt d'Persoun déi néideg Qualifikatiounen huet, fir an engem bestëmmte Beruff ze schaffen, an erlaabt hir, sech ze spezialiséieren.[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Reglementierte Berufe. Bundesagentur für Arbeit. Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.
- ↑ (de)Studieren auf Staatsexamen. studis-online.de. Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.
- ↑ (de)Bettina Weiss, Das Staatsexamen: Ein Studienabschluss mit Prüfung von höchster Stelle. studycheck.de. Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.
- ↑ (nl)Staatsexamen vo. Dienst Uitvoering Onderwijs. Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.
- ↑ (lb)De Staatsexamen – quésako?. acel.lu (21. Juli 2022). Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.
- ↑ (de)Allgemeine Informationen zu den eidgenössischen Prüfungen. Staatssekretariat für Bildung, Forschung und Innovation (SBFI). Gekuckt de(n) 24. Januar 2025.