Staatsrot (Gebai)

Vu Wikipedia
Gebai vum Staatsrot
(2008)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz L-2536 Luxembourg
Adress 5 rue Sigefroi
Koordinaten 49° 36’ 41.5’’ N
      06° 08’ 05.9’’ O
Architekt(en) Hubert Schumacher
Constant Gillardin
Datum vum Bau 1957-1959
Proprietär Lëtzebuerger Staat

D'Gebai vum Staatsrot oder Hôtel du Conseil d'État, ass e Gebai an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Rue Sigefroi an dem Boulevard Victor Thorn, do wou fréier d'Villa Werling stoung.

Et ass de Sëtz vum Staatsrot, engem consultativen Organ am Lëtzebuerger politesche System.

Eréischt zanter dem Dezember 1959 huet de Staatsrot säi Sëtz an dësem Gebai, virdrun hat hie keen eegent Gebai an huet am Mansfeld-Gebai an am Gebai vum Rechnungshaff siegéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Staat d'Villa Werling nom Zweete Weltkrich kaaft hat, gouf se 1959 ofgerappt fir d'Gebai vum Staatsrot bauen ze loossen. D'architektonescht Konzept vum Gebai huet doraus bestanen eng Verbindung hierzestellen tëscht der moderner Architektur a verschiddene Charakteristike vun den alen Haiser vum Fëschmaart.

D'Pläng fir d'Gebai goufe vum Constant Gillardin, ënnert der Opsiicht vum Hubert Schumacher, gezeechent. D'Aweiung vum Gebai war den 28. Januar 1960.

D'Nordsäit vum Gebai mam Tuerm

Den Tuerm op der nërdlecher Säit vum Gebai gouf gebaut fir dat onästhetescht Hannerhaus vun der fréierer Jousefsklinik ze verdecken, iwwerdeems d'Replik vun der Kolonnade vum Haus Ënnert de Stäiler op d'Initiativ vun der Groussherzogin Charlotte zeréckgeet.

Op Wonsch vum Staatsrot selwer a mam Accord vun der Regierung gouf d'Gebai vun 2004 u vum Fonds de rénovation de la vieille ville komplett renovéiert a vergréissert. Et gouf de 24. November 2006 ageweit.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Bannenan

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Staatsrot (Gebai) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]