Stacey Woolf Feinberg
| Stacey Woolf Feinberg | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Stacey Lee Woolf |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun | Northwestern University |
| Aktivitéit | Geschäftsfra, Diplomatin |
| Partei | Republican Party |
| Famill | |
| Papp | Bob Woolf |
|
| |
D'Stacey Woolf Feinberg, gebuer 1964 als Stacey Lee Woolf, ass eng US-amerikanesch Geschäftsfra. Si ass zanter dem 13. November 2025 Ambassadrice vun de Vereenegte Staaten zu Lëtzebuerg.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Stacey Lee Woolf koum 1964 als eelst vun dräi Gesëschter am Massachusetts op d'Welt. Si ass zu Chestnut Hill, am räichen Ëmland vu Boston opgewuess. No hirem Studium op der Northwestern University am Illinois huet si sech un hirem Papp senger Firma Bob Woolf Associates bedeelegt, enger Agence am Sport- an Entertainmentberäich. 1990 huet si sech mam Milliardär Jeffrey Louis Feinberg bestuet, mat deem si 1998 den Hedge-Fund JLF Asset Management gegrënnt huet. 2017 huet d'Koppel, déi véier Kanner huet, sech scheede gelooss.
D'Stacey Woolf Feinberg ass d'Grënnerin an Direktesch vun 33 Capital LLC, wou si sech op d'Investitiounen an Entreprisen, déi vu Frae gegrënnt goufen, spezialiséiert hat. Ausserdeem investéiert si a Filmer a Musicallen.
Zanter 2019 huet si - Stand 2025 - d'Republikanesch Partei an hir Kandidate bei regionalen an nationale Wale fir am Ganzen 1,15 Milliounen Dollar ënnerstëtzt.[1] Och de Veräin Turning Point USA an hire Grënner Charlie Kirk kritt Ënnerstëtzung vun hirer Säit.[2]
Als Konterpartie fir hir Ënnerstëtzung vum Donald Trump senger Walcampagne, huet dee si am Dezember 2024, nodeems en zum President erëmgewielt gi war, als Ambassadrice vun de Vereenegte Staaten zu Lëtzebuerg ernannt.[1]
Si gouf de 7. Oktober vum US-Senat confirméiert.[3] Am Virfeld, bei engem Hearing, hat si ugekënnegt, Lëtzebuerg wëlle "bäizebréngen", wat China esou alles fir Pläng hätt, a wat dogéint ze maache wier.[4]
Si ersetzt den Tom Barrett, deen 2022 vum Joe Biden op dee Posten nominéiert gi war, an deen am Januar 2025 an Amerika zeréckgoung. Bis Juli 2025 huet de Beruffsdiplomat Anthony Baird als Chargé d'affaires ad interim d'US-Ambassade zu Lëtzebuerg geleet.[1]
Den 13. November 2025 huet si dem Groussherzog hiert Akkreditéierungsschreiwes iwwerreecht.[5]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stacey Woolf Feinberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- 1 2 3 Luc Laboulle: "Porträt: Stacey Woolf Feinberg, MAGA-Unterstützerin und neue US-Botschafterin in Luxemburg." tageblatt.lu, 23.10.2025.
- ↑ Pierre Pailler: "Qui est Stacey Feinberg, la nouvelle ambassadrice des États-Unis au Luxembourg?" virgule.lu, 17.10.2023.
- ↑ "US Senate confirms Stacey Feinberg as ambassador to Luxembourg." today.rtl.lu, 09.10.2025.
- ↑ Pierre Pailler: "Pour la future ambassadrice des États-Unis, il faut «éduquer» le Luxembourg face à la menace chinoise." virgule.lu, 30.06.2025.
- ↑ Cordula Schnuer: "Die neue US-Botschafterin ist in Luxemburg eingetroffen." wort.lu, 03.11.2025.
