Stade Diddeleng
| Stade Diddeleng | ||||
![]() | ||||
| Offiziellen Numm: | CS le Stade Dudelange | |||
|---|---|---|---|---|
| Grënnung: | 1908 | |||
| Opgeléist: | 1991 (fusionéiert) | |||
|
| ||||
D'Stade Diddeleng oder Cercle des Sports Le STADE Dudelange[1] war e lëtzebuergesche Foussballclub vun Diddeleng, deen 1908 gegrënnt gouf an 1991 am F91 Diddeleng opgaangen ass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Club gouf 1908 ënner dem Numm Gallia Düdelange gegrënnt. 1912 gouf de Veräin a Sparta Dudelange ëmbenannt, an dat Joer drop an CS le Stade Dudelange. 1940 gouf de Veräin an FV Stadt Düdelingen zwangsëmbenannt, bis en 1944 rëm säi viregen Numm krut. [2]
D'Stade huet déi meescht Jore vun hirer Geschicht an der Nationaldivisioun gespillt a konnt 10 Championstitele feieren. An der Coupe de Luxembourg stoung de Veräin 12-mol an der Finall a konnt déi véiermol gewannen.
Vun 1941 bis 1944 huet de Veräin an der Gauliga Moselland gespillt a gouf 1941/42 Champion, woumat e fir déi däitsch Foussballmeeschterschaft qualifizéiert war. An der Qualifikatiounsronn gouf en no enger 0:2-Néierlag géint den FC Schalke 04 awer eliminéiert.
De 16. Juli 1982 gouf de Club als ASBL gegrënnt; den éischte President war de Charles Kloos[1].
1991 huet de Club zesumme mat der Alliance Diddeleng an der US Diddeleng zum F91 Diddeleng fusionéiert.
National Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]- Meeschter (10): 1938-39, 1939-40, 1944-45, 1945-46, 1946-47, 1947-48, 1949-50, 1954-55, 1956-57, 1964-65
- Zweeten (6): 1919-20, 1922-23, 1924-25, 1927-28. 1955-56, 1959-60
- Pokalgewënner (4): 1937-38, 1947-48, 1948-49, 1955-56
- Zweeten (8): 1927-28, 1935-36, 1938-39, 1939-40, 1940-41, 1946-47, 1956-57, 1959-60
- Gauliga Moselland
- Meeschter (1): 1941–42
Europäesch Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]D'Stade huet sech zweemol fir europäesch UEFA-Kompetitioune qualifizéiert.
- UEFA Europapokal vun de Landesmeeschter
- Qualifikatioun: 1957-58 Virronn: 1965-66
D'Stade konnt kee vun hiren europäesche Matcher gewannen. 1957 gouf et géint de Roter Stern Belgrad eng 0:5 an eng 1:9-Néierlag: den eenzegen Diddelenger Gol hat de Jos Rongoni geschoss.
1965 war en dem Benfica Lissabon mat 0:8 an 0:10 ënnerleeën.
Bekannt fréier Spiller
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 am Handelsregëster ënnert der Nummer F4921 gekuckt
- ↑ stade_dudelange.html. www.fussball-lux.lu. Gekuckt de 15.04.2026.
