Stade Municipal de la Ville de Differdange

Vu Wikipedia
Stade Municipal de la Ville de Differdange
Plaz Uewerkuer
Baujoer 2011-2012
Koordinaten 49° 30’ 50.2’’ N
      05° 53’ 23.2’’ O
Veräin FC Déifferdeng 03
CS Uewerkuer
Kapazitéit
Total 2.400
Sëtzplazen 1.800 (gedeckt)[1][2]
Dimensiounen 106 × 67
Ënnergrond Naturwuess


De Stade Municipal de la Ville de Differdange oder just Stade Municipal ass e Foussballstadion zu Uewerkuer an der Gemeng Déifferdeng, op deem den FC Déifferdeng 03 trainéiert. Och den CS Uewerkuer spillt reegelméisseg do.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Stadion ass tëscht Mee 2011 an August 2012 gebaut ginn.[2] E gehéiert zum Parc des Sports, enger Anlag mat verschiddene Sportinfrastrukturen, dorënner zwéin Niewenterrainen an eng Schwämm. Op der Südsäit steet eng iwwerdaacht Tribün mat Sëtzplaze fir 1.800 Leit.[2],[3]

Kuerz no der Aweiung huet den Déifferdenger Buergermeeschter virgeschloen, dee Stadion ze vergréisseren an doraus den Nationalstadion ze maachen, fir de Stater Stade Josy-Barthel ze ersetzen. Dofir hätten zwou weider Tribünen op der Nord- an op der Ostsäit kënne gebaut ginn an d'Kapassitéit domat op 8.200 Sëtzplazen erhéicht ginn. Am Westen ass keng Plaz fir eng weider Tribün well do Gleiser leien. Dat Ganzt hätt 13 Milliounen Euro kascht. Dee Plang gouf awer fale gelooss a fir den neien Nationalstadion gouf en Terrain tëscht der Cloche d'or an der Kockelscheier zeréckbehalen.[4],[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 stadiumdb.com: New stadium: Luxembourg’s national ground that never was (2. Mee 2014)
  2. 2,0 2,1 2,2 strabag.de: „Parc des Sports“ in Differdange erhält Innovationspreis PPP 2012 (17. Oktober 2012)
  3. stadiumdb.com: Stade Municipal Oberkorn (gekuckt den 28. Juni 2019)
  4. lessentiel.lu: «Es ist am Sportminister zu entscheiden» (9. Oktober 2012)
  5. wort.lu: Differdingen bewirbt sich um Nationalstadion (9. Oktober 2012)