Stadhaus Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Stadhaus Esch-Uelzecht
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Adress Place de l'Hôtel de ville
Koordinaten 49° 29’ 46.8’’ N
      05° 59’ 04.8’’ O
Baustil Neoklassizismus
Architekt(en) Isidore Engler
Datum vum Bau 1935-37
Proprietär Gemeng Esch-Uelzecht

D'Stadhaus vun Esch-Uelzecht ass de Sëtz vun der Gemengeverwaltung vun Esch-Uelzecht. Et ass en administratiivt Gebai am neo-klassesche Stil, dat 1935-1937 op der Moartplaz (haut Stadhausplaz/Place de l'Hôtel de ville), am Quartier Al Esch, no Pläng vum Stadarchitekt Isidore Engler gebaut gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et koum op d'Plaz vum éischte Stadhaus, dat 1865 vum Antoine Hartmann baue geloss gi war, mä schonn zënter 1899 net méi als sollecht benotzt gi war, well et ze kleng gi war, an d'Stadverwaltung an en neit Gebai an d'Uelzechtstrooss geplënnert war (do wou haut de Centre Mercure ass). Dono waren nach d'Gendarmerie, d'Vikariat a Primärschoulsklassen am ale Gemengegebai, déi no an no a Gebaier geplënnert sinn, déi speziell dofir gebaut goufen. 1932 gouf et ofgerappt. Fir dat neit Stadhaus ze bauen, hunn nach e puer aner Haiser missen opkaf ginn, fir och ofgebrach ze ginn a sou genuch Plaz fir den Neibau ze hunn.[1]

1935 hunn d'Aarbechten ugefaangen. De Réibau ass aus Bëtong, a gouf vun der Firma Bauler & Cie ausgefouert. D'Hasteng vun der Fassad sinn aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen an aus dem Ellergronn zu Esch; d'Daachleeën aus de Leekolle vun Uewermaartel an Aasselbuer, an d'faarweg Fënsteren aus dem Atelier Linster vu Munneref.

Dat neit Gebai gouf de 15. August 1937 feierlech a Betrib geholl.

2021 gouf de Sëtzungssall fir 2,7 Milliounen Euro komplett renovéiert. Fir d'Zäit vun den Aarbechte waren d'Gemengerotssëtzungen an der Salle Ellipse vun der Maison du Livre um Belval.[2]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Giewelrelief mat Wopen, Schmelz- a Grouwenaarbechter

Baussen[änneren | Quelltext änneren]

D'viischt Fassad ass vertikal an dräi gedeelt, woubäi de mëttelsten Deel, als Fassadegiewel deen e bëssen no vir gebaut ass, mat engem dräieckege Giewelrelief, ervirstécht. Am deem mëttelsten Deel ass och eng vun aacht Saile flankéiert Entrée, an eng Fënsterfront iwwer zwéi Stäck, hanner där de Sëtzungssall ass, mat engem Balkon.

Skulpturen[änneren | Quelltext änneren]

Um Giewelrelief ass den Escher Wopen, dee vu jee engem Bierg- an engem Schmelzaarbechter flankéiert ass, mat hannendrun der Silhouette vun der Stad a vun de Schmelzen. Ënnendrënner steet d'Zitat aus dem Feierwon: Mir wölle bleiwe wat mer sin.

Laanscht d'viischt Fassad, tëscht de Fënstere vum 1. an 2. Stack si sculptéiert Reliefer, déi verschidde Beruffer an Aktivitéiten weisen: Bauaarbechter (Schräiner, Steemetzer), Fleeg vu Kanner an ale Leit, Elektriker, Konschtberuffer (Moler, Museker, Architekt(en), Sculpteur), Léierin, Schmadd a Stolaarbechter, Sportler, Enseignant (resp. Student).

Laanscht d'Säit, zur Groussgaass hin, sinn der nach eng Kéier dräi, mat enger Baurekoppel, Grouwenaarbechter a Gäertner.

D'Sculpteure waren d'Bridder Hary, den Albert Kratzenberg, de Wenzel Profant an den Aurelio Sabbatini.[1]

Galerie vun de Relief-Skulpturen

(gouf geläscht. Fräi Biller sinn no aktuellem Copyrightsgesetz (dat keng Panoramafräiheet virgesäit) eréischt 70 Joer nom Doud vum Autuer (Architekt a Sculkpteur) méiglech)

Laanscht d'Säit vun der Groussgaass

Bannen[änneren | Quelltext änneren]

D'monumentaalt Trapenhaus, dat mat Marber verkleet ass, gëtt vu 6 Fënstern aus faarwegem Glas beliicht, op denen am ënneschten Deel an der Mëtt den Escher Wopen, lénks den Akerbau a riets d'Industrie ze gesinn ass; am ieweschten Deel verschidde Beruffskorporatiounen a Konschten.

De Gemengerotssall ass 7,5 m héich, eppes iwwer 16 m laang an an zwee gedeelt: ee fir d'Membere vum Gemengerot, mat engem Dësch am Hallefkrees, an ee fir de Public. Laanscht d'Mauer sinn ënne bis op 3,2 m Héicht hëlze Panneauen, driwwer sinn zwéi grouss Tableaue vum Frantz Kinnen, déi hie fir de Cinquantenaire vun der Stad, 1956, gemoolt hat.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Ville d'Esch-sur-Alzette - inauguration de l'Hôtel de Ville, 15 août 1937. (Broschür).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stadhaus Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Joseph Flies: Das Andere Esch, Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1979, S.731- 736.
  2. "Ëmbau- a Renovatiounsaarbechten zu Esch." rtl.lu, 31.05.2021.
  3. Scuto, 2020, kuckt Um Spaweck.