Stadhaus vu Léiwen
Ausgesinn
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Belsch |
| Gemeng | Léiwen |
| Koordinaten | 50°52'44,0"N, 4°42'4,0"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Baustil |
Flamboyant, Gotik |
| Statut | vastgesteld bouwkundig erfgoed |
| Datum vum Bau | 1439 (julianesch) |
| Opgaangen | 1469 (julianesch) |
|
| |
D'Stadhaus vu Léiwen (nl: Stadhuis van Leuven), zu Léiwen (nl. Leuven, fr: Louvain), an der Belsch, ass e markant Gebai um Grote Markt ("Grousse Maart") am Zentrum vun där Stad. Et gouf tëscht 1439 a 1469 am spéitgotesche Stil gebaut a gëllt als e besonnescht bemierkenswäert Beispill vu profaner brabantescher gotescher Architektur. Et war bis 2009 d'Märei vun der Stad; zanterhier, wéi d'Servicer vun der Gemeng erausgeplënnert sinn, gëtt et just nach fir zeremoniell Zwecker oder Receptioune gebraucht a ka besicht ginn.
D'Architekte waren de Sulpitius van Vorst an de Matheus de Layens. Et huet d'Stadhaus vu Bréissel als Virbild, ma gouf nach mat méi Figuren dekoréiert wéi dat.
Et ass zanter 1937 als Kulturmonument klasséiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stashaus vu Léiwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |

