Stam. Nous restons là
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 14. Dezember 2006 |
Dauer | 57 min |
Format | 16:9 |
Originalsprooch | Rumänesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie |
Anne Schiltz, Charlotte Grégoire |
Dréibuch |
Anne Schiltz, Charlotte Grégoire |
Fotografie | Caroline Schuler |
Musek | François Hausemer |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent | Anne Schroeder |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre ![]() |
Stam. Nous restons là ass en Documentaire vun de Regisseurinnen Anne Schiltz a Charlotte Grégoire.
En hat de 14. Dezember 2006 Première zu Lëtzebuerg.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film dokumentéiert d'Liewe vun zwou jonke Fraen aus dem rumäneschen Dierfche Mâlăncrav an Transylvanien: dem Ruth, enger däitschsproocheger "Siwebierger Sachsin" an dem Natalia, enger Roma. Si ware fréier Nopeschen, ma elo ass d'Ruth an Däitschland ausgewandert...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]D'Iddi fir de Film ass am Joer 2002 entstaanen, duerno gouf um Konzept geschafft. 2004 hunn d'Regisseurinnen, d'Lëtzebuergerin Anne Schiltz an d'Belsch Charlotte Grégoire, d'Filmproduzentin Anne Schroeder vu Samsa Film getraff, déi bereet war, de Projet z'ënnerstëtzen.[1]
D'Regisseurinnen sinn allebéid Anthropologinnen an hunn zesummen nach dräi weider Documentairen iwwer Rumänien gedréint: Charges communes (2012), Bureau de chômage (2015) a Ceux qui restent (2019).[2] De leschten ass eng Revisitatioun vum Natalia an dem Duerf Mâlăncrav, méi wéi zéng Joer méi spéit. [3]
De Film ass op enger ganzer Rei Festivalle gelaf, dorënner zu Ljubljana, Paräis, Ville-sur-Yron, Jerewan, Bréissel, Saint-Dié des Vosges a Mäerzeg.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Stam, nous restons là op samsa.lu (fr)
- Stam, nous restons là op filmfund.lu (de)
- Trailer op Vimeo
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ siebenbuerger.de: Bleiben oder Gehen? Film über Malmkrog vum Brigitte Krech(14. Mee 2007)
- ↑ : Evénements Cinématographiques, à Namur : "Ceux qui restent" et "Pauvres Millionnaires" vum Yves Calbert (16. Juni 2019)
- ↑ cinergie.be: Ceux qui restent - Rencontre avec Anne Schiltz et Charlotte Grégoire vum Dimitra Bouras an Tom Sohet (10. Mee 2019)
- ↑ Stăm op monoeil.org