Star Wars: Episode IV - A New Hope

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Star Wars (Film))
Star Wars: Episode IV - A New Hope
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1977
Première 25. Mee 1977
Dauer 121 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie George Lucas
Dréibuch George Lucas
Fotografie Gilbert Taylor
Musek John Williams
Schnëtt George Lucas
Costumedesign John Mollo
Produzent Gary Kurtz
George Lucas
Special Edition: Rick McCallum
Produktiouns-
gesellschaft
Lucasfilm
Schauspiller
Mark Hamill: Luke Skywalker
Harrison Ford: Han Solo
Carrie Fisher: Princess Leia
Peter Cushing: Grandmoff Tarkin
Alec Guinness: Obi-Wan Kenobi
Anthony Daniels: C-3PO
Kenny Baker: R2-D2
Peter Mayhew: Chewbacca
David Prowse: Darth Vader
James Earl Jones: D'Stëmm vum Darth Vader
Phil Brown: Uncle Owen
Shelagh Fraser: Aunt Beru
Jack Purvis: Jawa
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Star Wars spéider ëmgedeeft a Star Wars: Episode IV - A New Hope ass en US-amerikanesche Film vum George Lucas aus dem Joer 1977.

En ass de 25. Mee 1977 an den USA an de Kino komm. Dëse Film huet am Joer 1978 sechs Oscare kritt an et ass ee vun deene Filmer, déi am meeschte Suen abruecht hunn an ass d'Basis fir déi ëmfangräichst Franchise an der Filmgeschicht.

Ursprénglech soll d'Star Wars Rei eng Trilogie ginn, vun där "Star Wars" den éischten Deel sollt sinn. Nodeem de Lucas d'Rei no enger laanger Paus vu 16 Joer erweidert huet, ass de Film wéinst der chronologescher Logik op déi véiert Plaz gerutscht. Dofir ass 1997 de Film ënner dem Numm Star Wars Episode IV: A New Hope verëffentlecht ginn. Mat Hëllef vun der aktueller Filmtechnik ass de Film mat e puer Spezialeffekter erweidert ginn, an déi Zeenen, déi am Original mat Maquetten duergestallt goufen, goufe mat computergeneréierten Zeenen ersat. Wéi de Film am Joer 2004 op DVD verëffentlecht gouf, ass en nach eng Kéier digital beaarbecht ginn. Déi Versioune sinn e puer Minutte méi laang. D'Special Edition vun 1997 an d'original Kinosversioun sinn 2006 als Limited Edition DVD erauskomm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Star Wars – Biller, Videoen oder Audiodateien


Star Wars
Original Trilogie: A New Hope - The Empire Strikes Back - Return of the Jedi