Starfleet Academy

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star-Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Televisiounsserie oder aus de Star-Trek-Filmer.



Emblem vun der Starfleet Academy

D'Starfleet Academy (letz.: Stäreflotten Akademie, de.: Sternenflotten Akademie) ass d'Ausbildungsstätt fir nei Offizéier an der Stäreflott. Hiren Haaptsëtz ass zu San Francisco op der Äerd, wou se 2161 mam Motto Ex Astris, Scientia (wat souvill heescht wéi Vun de Stären, d'Wëssen!) gegrënnt gouf.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Parkanlag vun der Starfleet Academy

Jiddwer Bierger vun der Federatioun däerf sech vum 16. Liewensjoer un, an der Starfleet Academy aschreiwen. Als éischt muss allerdéngs en Opnameexame gemaach ginn, dee virun allem d'Allgemengwëssen, souwéi och d'Kentnesser an der Physik an an der Mathematik préift. D'Ausbildung dauert 4 Joer. Um Enn vun der Ausbildung, mussen déi Kadetten, déi am Kommandoberäich dénge wëllen, de Kobayashi Maru Test absolvéieren. Dat ass e simuléierte Kampfszenario op enger Bréck vun engem Raumschëff. An der Reegel kann een deen Zenario net gewannen, et geet dobäi nëmmen ëm d'Verhale vum Kadett.