Staumaueren a Reservoiren op der Truyère

Vu Wikipedia
De Barrage vu Sarrans

D' Stauwierker a Reservoiren op der Truyère, engem Floss am Massif central, sinn eng Rëtsch vun Infrastrukturen, fir elektresche Stroum ze produzéieren.

D'Truyère ass e Floss mat engem relativ héijen Debit vun 78,6 bis 109 /s an engem grousse Gefäll, ronn 1250 Meter op enger Längt vun 170 km. Dat huet mat sech bruecht datt am Laf vun der Zäit de Floss ëmmer staark als Energiequell ausgenotzt gouf an och haut nach gëtt. Am Ufank waren dat Millen wouvun d'Mille vun Entraygues, gebaut 1373, déi éischt war déi 1902 mat enger klenger elektrescher Zentral ekipéiert gouf. Et gouf awer nach eng kleng Zentral eppes méi héich, um Zesummelaf vum Brezons mat der Truyère, déi e Pater bekannt ënner dem Numm Père Robert opriichte gelooss hat fir d'psychiatrescht Spidol dat hie gregrënnt hat, souwéi eng Karderei mat Stroum ze beliwweren. E geneeën Datum ass do net bekannt, mä well d'Spidol 1866[1] gebaut gouf, ass unzehuelen datt déi elektresch Zentral scho virun 1900 funktionéiert huet.[2]

D'Stauwierker op der Truyère produzéieren 1.706 Millioune Kilowattstonnen, dat sinn 10% vun der franséischer Produktioun. D'Produktioun fänkt awer eréischt op der Hallschent vun hirem Laf mam Barrage vu Grandval un. Virdru leeft se op engem Héichplateau wou se 75 % vun hirem Waasser fënnt. Fir dann zu Grandval scho genuch Waasser ze hunn goufen nach zwou Baachen deelweis deviéiert déi soss iwwer aner Baachen a Flëss eréischt méi spéit an de Lot lafen.

Hei hannendru stinn all d'Staumaueren der geographescher Héicht no vun uewen no ënnen déi et am Anzuchgebitt vun der Truyère gëtt. Dozou gehéieren och déi Staumaueren déi op Niewebaache stinn an déi entweeder fir eng zousätzlech Waasserliwwerung, oder awer als eegestännegen hydroelktresche Komplex ugeluecht goufen. Ausname sinn déi zwou éischt hei an der Rei déi zum Anzuchsgebitt vun anere Baache gehéieren, déi selwer awer grad wéi d'Truyère, zum Anzuchsgebitt vum Lot gehéieren.

Bauwierk Waasserlaf Plaz Héicht Koordinaten Bemierkungen
1 Barrage mat
Prise d'eau
Crueize Lac du Moulinet 1075 m 44° 38’ 32.13’’ N
      03° 14’ 02.79’’ O
Vum Séi aus féiert eng ënnerierdesch Leitung eng ronn 1.800 Meter no Norden, da geet et an engem oppene Kanal no Nordoste laanscht Couffinet fir dann eng 500 nodeems d'Autobunn A75 passéiert ass um Lieu-dit Pont de la Tuile an den Triboulin ze lafen, mat deem et da weider an d'Truyère geet.
2 Barrage mat
Prise d'eau
Colagne Lac du Ganivet 1040 m 44° 38’ 49.76’’ N
      03° 24’ 33.85’’ O
Vum Séi aus féiert eng ënnerierdesch Leitung eng ronn 2.700 Meter no Norden, wou se nordwestlech vu Grenaldès aus dem Buedem kënnt an dann an de Ruisseau de Grenaldès leeft, dee selwer 1.200 Meter duerno bei La Manette d'Truyère leeft.
3 Barrage mat
Prise d'eau
Argence vive Mels 750 m 44° 48’ 44.47’’ N
      02° 44’ 12.70’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Mels
4 Barrage vu Grandval Truyère Grandval
(Lavastrie)
745 m 44° 55’ 20.23’’ N
      03° 04’ 28.74’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Grandval
5 Barrage vu Lanau Truyère Lanau
(Neuvéglise)
669 m 44° 53’ 29.32’’ N
      03° 00’ 11.69’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Lanau
6 Barrage vu Sarrans Truyère Sarrans
(Brommat)
646 m 44° 49’ 46.64’’ N
      02° 44’ 24.92’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Sarrans
7 Barrage mat
Prise d'eau
Bromme Salazat
(Brommat)
600 m 44° 48’ 33.12’’ N
      02° 41’ 44.65’’ O
Vum Barrage de Salazat gëtt d'Waasser duerch eng ronn 1.600 Meter laang ënnerierdesch Leitung an de Séi vum Barrage vu Labarthe geleet.
8 Barrage vu
Maury
Selves Maury
(Saint-Amant-des-Cots)
588 m 44° 39’ 45.95’’ N
      02° 39’ 51.87’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Maury
9 Barrage vun
der Cadène
Truyère La Cadène
(Brommat)
565 m 44° 49’ 39.94’’ N
      02° 43’ 26.51’’ O
De Barrage de la Cadène war den éischte grousse Barrage op der Truyère a gouf tëscht 1928 an 1933 gebaut fir d'Zentral vu Brommat 1 mat Waasser iwwer den Ëmwee vum Barrage vun der Bromme ze beliwweren. Nom Bau vum Barrage vu Labarthe 1972-1974 gouf en net méi gebraucht, an ewechgerappt. Haut kann een nach just d'Säitestécker gesinn.
10 Barrage op
der Bromme
Bromme Les Bosses
(Brommat)
556 m 44° 47’ 05.25’’ N
      02° 41’ 12.34’’ O
40 Meter héich Boustaumauer déi net méi gebraucht gëtt. Dee Barrage huet zesumme mam Waasser dat iwwer eng Galerie vu 5.700 Meter vun der Cadène koum, nees iwwer eng 1.700 m laang Galerie an zwou 260 m héich vertikal Drockleitungen, d'Hielekaaftwierk Brommat 1 mat senge sechs 29 MW Francis-Turbinne beliwwert.
11 Barrage vu
Labarthe
Truyère Labarthe
(Brommat)
556 m 44° 48’ 26.70’’ N
      02° 42’ 53.87’’ O
Beliwwert zanter 1974 d'Zentrale Brommat 1 a Brommat 2
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Labarthe
12 STEP Montézic Truyère Montézic ënnen 340 m
uewen 703 m
44° 43’ 34.82’’ N
      02° 39’ 26.73’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pompelspäicherwierk vu Montézic
13 Barrage
vum Goul
Goul Molèdes
(Lapeyrugue)
300 m 44° 43’ 34.35’’ N
      02° 33’ 33.42’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vum Goul
14 Barrage vu
Couesques
Truyère Couesques
(Saint-Hippolyte)
295 m 44° 41’ 46.13’’ N
      02° 35’ 08.37’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Couesques
15 Barrage vu
Cambeyrac
Truyère Cambeyrac
(Entraygues-sur-Truyère)
235 m 44° 39’ 16.82’’ N
      02° 34’ 27.43’’ O
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Barrage vu Cambeyrac

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le Moulin de la truyère
  2. An der Histoire des aménagements de la vallée de la Truyere vum Daniel Tarisse steet: Au 19 ème siècle, Le Père Robert à la Deveze.... etc.