Op den Inhalt sprangen

Staustuf Fankel

Vu Wikipedia
Staustuf Fankel
D'Staustuf Fankel, vun der Buerg Metternich aus gekuckt
Typ Staustuf, Schëffsschleis, Elektrizitéitswierk
Geographie
Land Däitschland
Plaz Bruttig-Fankel
Koordinaten 50°7'26,623"N, 7°13'36,786"O
Gewässer Musel
Flosskilometer 59,38 km
Héicht i. M. 86,20 m
Technesch Donnéeën (Schleis)
Fäerdeg gebaut 1963
Opgaangen 1964
Längt 170 m
Breet 12 m
Niveausënnerscheed 7,00 m
Aner Donnéeën
Bedreiwer Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt Mosel-Saar-Lahn, Innogy
Leeschtung Kraaftwierk 16,4 MW

D'Staustuf Fankel ass – vun der Mëndung an de Rhäin bei Koblenz flossop gekuckt – déi 4. Staustuf op der kanaliséierter Musel. Se läit um Kanalkilometer 59,38 an der däitscher Gemeng Bruttig-Fankel, bei Fankel am Bundesland Rheinland-Pfalz. D'Anlag war 1963 fäerdeg gebaut an ass 1964 mat der Kanaliséierung vun der Musel fir de Schëffsverkéier opgaangen.

D'Nopeschstaustuf muselop ass d'Staustuf St. Aldegund, a flossofwäerts ass et déi vu Müden.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Technesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

De Barrage läit um Kanalkilometer 59,38 op enger Héicht vu 86,20 m.

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Schleis vun 1963 huet eng rechteckeg Schleisekummer mat enger notzbarer Längt vun 170 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 7,00 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 86 Meter.

Do dernieft gëtt et och eng Bootsschleis mat 18 × 3,20 × 1,50 m.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Waasserkraaftwierk

[änneren | Quelltext änneren]

Zur Anlag gehéiert d'Lafwaasserkraaftwierk vu Fankel um lénksen Uwänner. Et ass dat véiert vun am Ganzen zwielef Lafwaasserkraaftwierker um däitschen Deel vun der Musel. Et huet eng Leeschtung vu 16,40 MW a gëtt vun Innogy bedriwwen.

 Commons: Staustuf Fankel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]