Staustuf Lehmen
![]() D'Staustuf mat der Schleis Lehmen | |
Typ | Bauwierk, Staustuf, Schëffsschleis, Elektrizitéitswierk |
---|---|
Geographie | |
Land | Däitschland |
Plaz | Lehmen, Niederfell |
Koordinaten | 50°16'28,780"N, 7°27'31,813"O |
Gewässer | Musel |
Flosskilometer | 37,11 km |
Héicht i. M. | 72,5 m |
Technesch Donnéeën (Schleis) | |
Fäerdeg gebaut | 1961 |
Längt | 170 m |
Breet | 12 m |
Niveausënnerscheed | 7,5 m |
Aner Donnéeën | |
Bedreiwer | Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt Mosel-Saar-Lahn, RWE Generation |
Leeschtung Kraaftwierk | 20 MW |
![]() |
D'Staustuf Lehmen ass – vun der Mëndung an de Rhäin bei Koblenz flossop gekuckt – déi 2. Staustuf op der kanaliséierter Musel. Se läit um Kanalkilometer 20,76 bei den Uertschafte Lehmen (lénkst Uwänner) an Niederfell (rietst Uwänner) am Bundesland Rheinland-Pfalz. DʹAnlag war 1962 fäerdeg gebaut; d'Schleis war schonn 1961 fir de Schëffsverkéier opgaangen.
DʹNopeschstaustuf muselop ass d'Staustuf Müden, a flossofwäerts ass et déi vu Koblenz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Technesch Donnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Staustuf
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
De Barrage läit um Kanalkilometer 20,76 op enger Héicht vu 72,505 m. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschten an dem ënneschte Schleisebaseng ass 7,55 m.
Schleis
[änneren | Quelltext änneren]DʹSchleis huet eng rechteckeg Schleisekummer mat enger notzbarer Längt vun 170 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 7,5 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 72,5 Meter.
Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,005 x5 11,45 m (mat spezieller Erlabnis, Längt bis 1355 m) oder Schubschëffer mat bis zu 172,10 Meter Längt fueren[1].
Tëscht 2026 an 2031 ass virgesinn eng zweet Schleis an der Staustuf Lehmen ze bauen[2].
Wier
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Waasserkraaftwierk
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Zur Anlag gehéiert d'Lafwaasserkraaftwierk Lehmen, um rietsen Uwänner. Et ass dat zweet vun am Ganzen zwielef Lafwaasserkraaftwierker um däitschen Deel vun der Musel. Et huet eng Leeschtung vun 20 MW a gëtt vun RWE-Generation bedriwwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Staustuf Lehmen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)WSA Mosel-Saar-Lahn - Mosel. www.wsa-mosel-saar-lahn.wsv.de. Gekuckt de(n) 17.01.2025.
- ↑ (de)2. Schleuse Lehmen. www.wsa-mosel-saar-lahn.wsv.de. Gekuckt de(n) 17.01.2025.