Op den Inhalt sprangen

Staustuf Müden

Vu Wikipedia
Staustuf Müden
Typ Wier, Staustuf, Schëffsschleis
Geographie
Land Däitschland
Plaz Müden, Treis-Karden
Koordinaten 50°11'2,706"N, 7°19'56,748"O
Gewässer Musel
Flosskilometer 37,10 km
Héicht i. M. 79 m
Technesch Donnéeën (Schleis)
Fäerdeg gebaut 1964
Opgaangen 1964
Längt 170 m
Breet 12 m
Niveausënnerscheed 6,5 m
Aner Donnéeën
Bedreiwer Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt Mosel-Saar-Lahn, RWE Generation
Leeschtung Kraaftwierk 16,40 MW

D'Staustuf Müden ass – vun der Mëndung an de Rhäin bei Koblenz flossop gekuckt – déi 3. Staustuf op der kanaliséierter Musel. Se läit um Kanalkilometer 37,11[1] bei den Uertschafte Müden (lénksen Uwänner) an Treis-Karden (rietsen Uwänner) am Bundesland Rheinland-Pfalz. DʹAnlag war 1964 fäerdeg gebaut an ass am selwechte Joer mat der Kanaliséierung vun der Musel fir de Schëffsverkéier opgaangen.

D'Nopeschstaustuf muselop ass d'Staustuf Fankel, a flossofwäerts ass et déi vu Lehmen.

De Barrage gouf 1964 am Kader vun der Kanalisatioun vun der Musel gebaut.

Accident vum 8. Dezember 2024

[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Dezember 2024 gouf déi ënnescht Schleisepaart vun engem Frachtschëff schwéier beschiedegt[2]. 74 Schëffer stoungen op der Musel a konnten net a Richtung vum Rhäin virufueren. Uganks housch et, datt et bis op d'mannst Mäerz 2025 dauere géif bis d'Schleis gefléckt wier. Mat enger sougenannter „Noutschleisung“ konnten dunn awer bis de 27. Dezember all d'Schëffer déi blockéiert waren, „befreit“ ginn. Dofir goufen amplaz vun der ënneschter Schleisepaart allkéiers mat engem Kran néng stolen Dunnen (déi am Fong fir d'Revisioun vun der Schleis als Sécherhheetspaart virgesi sinn) agesat an no der Schleisung nees erausgeholl.

Den 19. Dezember 2024 hunn déi Lëtzebuerger Transportministesch Yuriko Backes an den däitsche Bundesminister für Digitales und Verkehr Volker Wissing matgedeelt, datt d'Schleis viraussiichtlech bis Ufank Februar 2025 gefléckt soll sinn[3].

Den 1. Februar 2025 konnt d'Schleis dann och hire reguläre Betrib nees ophuelen.[4]

Technesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Barrage läit um Kanalkilometer 37,11 op enger Héicht vun 79,005 m. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschten an dem ënneschte Schleisebaseng ass 6,55 m.

D'Schleis huet eng rechteckeg Schleisekummer mat enger notzbarer Längt vun 172,10 Meter, an enger Breet vun 11,45 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 6,5 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 79 Meter.

Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,00 x 11,45 m (mat spezieller Erlabnes bis 135 m) oder Schubschëffer mat bis zu 172,10 Meter Längt fueren[5].

Do dernieft gëtt et och eng Bootsschleis vun 18 × 3,25 m.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Waasserkraaftwierk

[änneren | Quelltext änneren]

Zur Anlag gehéiert d'Lafwaasserkraaftwierk Müden um lénksen Uwänner. Et ass dat drëtt vun am Ganzen zwielef Lafwaasserkraaftwierker um däitschen Deel vun der Musel. Et huet eng Leeschtung vu 16,405 MW a gëtt vun RWE-Generation bedriwwen.

 Commons: Staustuf Müden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. D'Kanalkilometeren entspriechen net de Muselkilometeren.
  2. (lb) Schëff war ënnerwee an de Mäerter Hafen: Musel-Schleis no Accident futti, eng 70 Schëffer blockéiert. www.rtl.lu. Gekuckt de 17.01.2025.
  3. (de) Austausch zwischen der Ministerin für Mobilität und öffentliche Arbeiten, Yuriko Backes, und dem Minister für Digitales und Verkehr der Bundesrepublik Deutschland, Dr. Volker Wissing, zur Lage nach dem Unfall an der Schleuse Müden. gouvernement.lu (19.12.2024). Gekuckt de 17.01.2025.
  4. "Reparierte Moselschleuse Müden wird wieder freigegeben." tagesschau.de, 1. Februar 2025.
  5. (de) WSA Mosel-Saar-Lahn - Mosel. www.wsa-mosel-saar-lahn.wsv.de. Gekuckt de 17.01.2025.