Stefan Heym

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nuvola apps bookcase.png Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Stefan Heym, 1982

De Stefan Heym, gebuer den 10. Abrëll 1913 zu Chemnitz als Helmut Flieg a gestuerwen de 16. Dezember 2001 zu En Bokek an Israel, war en däitsche Schrëftsteller. Vun 1994 bis 1995 war hien Deputéierten am däitsche Bundestag.

Openthalt zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

No der Liberatioun vu Lëtzebuerg am September 1944 war de Stefan Heym Serjant am Service Psychological Warfare bei der amerikanescher Arméi. Hie war dermat chargéiert, iwwer de Radio, an och mat Hëllef vun Texter (Frontpost, Feldpost, Mitteilungen), d'Krichsmoral vun der Wehrmacht ze zersetzen an de Verstand an d'Gefiller vun der däitscher Bevëlkerung géint den Nazi-Regime ze kéieren. D'Radiossendungen huet hie vum Hierscht 1944 bis an de Summer 1945 iwwer RTL, vun der Villa Louvigny am Stater Park aus gemaach, wou hien och e Bureau hat . Säin Openthalt zu Lëtzebuerg huet hien a senger Autobiographie vun 1988 beschriwwen.[1]

D'RTL-Sendunge ware méiglech, well d'Sendemaste vun RTL zu Jonglënster net wéi erwaart vun den Däitschen zerstéiert goufen, wéi si d'Land kuerz virun der Liberatioun duerch d'Alliéiert verlooss haten. Während der Ardennenoffensiv goufen d'Sendunge fir kuerz Zäit ausgesat, wat de Stefan Heym als Feeler ugesinn huet.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Nachruf. C. Bertelsmann, München 1988 (Autobiographie). Fir d'éischt verëffentlecht an der DDR ënner dem Titel Der Morgen, Berlin 1990.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacoby, Lex, 2015. "Kleines Großherzogtum in der Weltliteratur. Stefan Heym: Nachruf." Die Warte 7|2462 vum 26. Februar 2015, S. 13.
  • Meder, Charles, 1995: "Stefan Heym und der Kampf um die Ätherwellen: nur ein nützlicher Ausländer in amerikanischer Uniform?" in: Galerie: revue culturelle et pédagogique 13(1995), Nr.3, S. 433-441.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Stefan Heym, 1988: Nachruf.