Op den Inhalt sprangen

Stelzen

Vu Wikipedia

Stelze si Staangen oder Péil, op deenen ee stoen a goe kann an déi d'Been verlängeren. Si kënne mat den Hänn festgehale ginn (woubäi d'Féiss op klenge Plattforme stinn) oder direkt um ënneschte Been oder um Fouss mat engem Rimm festgehale ginn.

Si hunn ursprénglech den Zweck, dem Stelzegänger méi en héijen Aussiichstpunkt ze ginn, méi séier virunzekommen, oder bei kulturellen oder rituellen Evenementer agesat ze ginn.

Si ginn awer och alt mol just als Spillgezei benotzt.

Commons: Stelzen – Biller, Videoen oder Audiodateien