Stempelanker (Waassergefier)

Vu Wikipedia
Ee Stempel, deen héichgezunn ass

E Stempelanker ass en Dispositif, mat Hëllef vun deem e Schëff, oder soss e Waassergefier, sech kann um Fong vum Waasser ofstäipen an immobiliséieren.

Déi Ankersaile si beim normale Schwammen an der Luucht a gi vun enger duebeler Seelwann oder hydraulesch, gehuewen oder gesenkt. Well d'Längt vun de Stempele limitéiert ass, ass dee System nëmme bei Waasserleef praktikabel, déi net méi wéi aacht Meter déif sinn.

D'Manéier fir e Schëff ofzestäpen entsprécht där vu mobile Kranen oder Pomjeesleederween mat Säitenausleeër.

Duebelseelwann vun engem Stempelanker

D'Schëff "Ausonia" vun de Ponts et Chaussées, dat op der Musel zirkuléiert, ass mat zwéi Stempelankeren ausstafféiert, déi et erlaben ë. a. u Brécken ze schaffen, andeems d'Schëff roueg op enger Plaz am Waasser stoe bleift.