Op den Inhalt sprangen

Hôpital intercommunal de Steinfort

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stengeforter Spidol)
Hôpital intercommunal de Steinfort
Stengeforter Spidol
Typ Fleegeheem
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stengefort
Plaz Stengefort
Adress 1, rue de l’Hôpital
Koordinaten 49° 30’ 06’’ N
      05° 58’ 54’’ O
Um Spaweck https://www.his.lu/
Medezinesch Ariichtung
Iwwergeuerdent Organisatioun Hôpital Intercommunal de Steinfort
Leedung Luc Gindt (Generaldirekter)
Personal 242 (Dezember 2024)
Betterzuel 52 ()
Proprietär

Den Hôpital intercommunal de Steinfort (HIS) ass e gerontologeschen an therapeuteschen Zenter zu Stengefort, deen zënter 1957 vum interkommunale Syndikat Syndicat de l'hôpital intercommunal de Steinfort geréiert gëtt. En ass och nach ënnert dem Numm Stengeforter Spidol bekannt.

Géint Enn vum 19. Joerhonnert hunn d'Bridder Collart, déi d'Stengeforter Schmelz bedriwwen hunn, decidéiert fir e Spidol fir hir Mataarbechter ze bauen. Et gouf och e Besoin fir eng Institutioun an där d'Kanner versuergt goufen, eng Sonndesschoul fir Meedercher gradewéi fir Bitzcoursen. Dowéinst hunn si de 15. November 1898 dem Franziskaneruerden en Haus mat engem Stall, engem Schapp an engem Gaart an der Habschter Strooss geschenkt. D'Haus gouf en vue vun der geplangter Notzung erweidert an ëmgebaut. Als Géigeleeschtung hunn d'Franziskanerinne sech verflicht, d'Proprietéit enger sozialer Aarbecht ze widmen.

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet den Uerden dräi Schwësteren (eng Schneidesch, eng Infirmière an eng Spillschoulsléierin) op Stengefort geschéckt, deenen hir Aufgab, nieft der Kannererzéiung, och d'Fleeg vun de Kranke war. Am Joer 1900 gouf dat éischt Spidol mat engem Operatiounssall a 25 Better opgemaach a vun de Schwëstere gefouert.

Bis datt d'Schmelz am Joer 1931 fir zerguttst zougemaach gouf, huet d'Spidol weiderhi funktionéiert; duerno ass d'Gebai fir aner Zwecker benotzt ginn: vun 1934 bis 1938 als Rekonvaleszenzheem, a vun 1938 bis 1957 als Altersheem. D'ambulant Fleeg, d'Spillschoul an d'Bitzcoursë goufe weidergefouert. Nom Bau vum neie Spidol am Joer 1957 huet d'Gebai säin Zweck verluer an d'Caritas krut et 1960 geschenkt. Bis datt am Joer 1964 eng nei Spillschoul gebaut gouf, huet eng Infirmière sech weider ëm déi kleng Kanner gekëmmert. 1993 gouf dat aalt Gebai ofgerappt a mat engem neie Gebai mat Sozialwunnengen ersat.

Eréischt 1957, no bal 30 Joer ouni Spidol, ass nees en neit gebaut ginn. Schonn an den 1950er Joren hat de Buergermeeschter d'Iddi, e Spidol op de Ruine vum ale Collartsschlass ze bauen. Fir d'Spidol ze finanzéieren an z'ënnerhalen, gouf de Syndicat de l'hôpital intercommunal de Steinfort gegrënnt; nieft der Gemeng Stengefort hunn nach d'Gemengen Habscht, Käerch, Garnech a Sëll dozougehéiert.

Bei der Aweiung de 16. September 1957 war d'Spidol ee vun de modernsten am Land. Besonnesch den Operatiounssall an d'Maternité goufen als aussergewéinlech gutt ekipéiert ugesinn. Nom Réckgang vun der Zuel vun de Patienten an den 1960er an 70er Joren, goufen nei Prioritéiten an de Beräicher Rehabilitatioun a Geriatrie festgeluecht. D'Franziskanerschwësteren déi virdrun am ale Spidol geschafft haten, goufe bäibehale fir sech ëm d'Patienten ze këmmeren. Déi lescht dräi Schwësteren hunn 1981 Stengefort verlooss.

Den ëmmer méi grousse Bedarf u Fleegebetter huet zu der Decisioun gefouert, d'Spidol auszebauen. Am Joer 1989 gouf decidéiert, e modernen Ubau mat 30 Better op zwéi Stäck ze bauen. Déi 57 Better am ale Beräich vum Spidol goufen a Fleegebetter ëmgebaut.

Psychogeriatreschen Dagesfoyer

[änneren | Quelltext änneren]

Fir Leit, déi Fleeg brauchen an net an engem Altersheem wunne wëllen, gouf och en Dagesfoyer ageriicht. Am neie Gebai, dat am Hierscht 2005 opgemaach gouf, kënnen eeler Leit, déi u kierperlechen oder geeschtege Behënnerungen oder un Demenz leiden, eng Dagesfleeg kréien.

Medezinesch Offer

[änneren | Quelltext änneren]

Fir Leit iwwer 65 Joer begräift den Hôpital intercommunal vu Stengefort ë. a.:

  • geriatresch Rehabilitatioun fir Leit deenen hir funktionell Autonomie duerch en Accident ageschränkt ass;
  • zënter 2010 bitt d'Dagespidol de Leit eng ambulant Rehabilitatioun;
  • den Dageszentrum bitt eng gerontologesch a therapeutesch Betreiung fir eeler Leit, déi weider doheem wunne wëllen, awer en Deel vun hirer Autonomie verluer hunn;
  • eng Ënnerkonft mat enger professionell Ënnerstëtzung Dag an Nuecht, fir 52 Leit mat oder ouni kognitive Stéierungen, déi en Deel vun hirer Autonomie verluer hunn.
 Commons: Hôpital intercommunal de Steinfort – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Informatiounpanno op der Plaz

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]