Op den Inhalt sprangen

Stephen Eisenhammer

Vu Wikipedia
Stephen Eisenhammer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Journalist

De Stephen Eisenhammer, gebuer … ass e Lëtzebuerger Journalist.[1]

Hie gouf als Bouf vun der Michèle Krieps a vun engem südafrikanesche Papp gebuer an ass zu London opgewuess.

De Stephen Eisenhammer schafft zënter 2012 bei Reuters. Vun 2013 bis 2014 war hien zu London stationéiert, vun 2014 bis 2017 a Brasilien, duerno am Angola (2017-2019) an zënter 2019 a Mexiko. No enger Zäit zu Sao Paulo (2019-2022), ass hien zënter Abrëll 2022 zu Mexiko-Stad Chef vun der Agence fir Mexiko an Zentralamerika.[2]

2025 huet hien – zesumme mat aacht anere Journaliste vu Reuters – fir eng investigativ Recherche am Zesummenhang mat der labberer Reglementéierung fir Fentanyl de Pulitzer-Präis gewonnen.[3] D'Journalisten-Ekipp konnt noweisen, wéi den Handel mat Chemikalie funktionéiert, fir domat Fentanyl, eng vun den déidlechsten Drogen op der Welt bëlleg a quasi fir jiddereen hierzestellen. Fir en Asaz vun 3.600 US-Dollar hätte si kënne Fentanyl am Wäert vu ronn 3 Milliounen Dollar produzéieren.[4]

De Stephen Eisenhammer ass den Enkel vum fréiere Minister Robert Krieps.


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) Enkel von Robert Krieps gewinnt Pulitzer-Preis mit Recherche über Drogenhandel. Luxemburger Wort (09.05.2025). Gekuckt den 10.05.2025.
  2. (en) Experience. www.linkedin.com. Gekuckt den 10.05.2025.
  3. (en) Staff of Reuters. The 2025 Pulitzer Prize Winner in Investigative Reporting. www.pulitzer.org. Gekuckt den 10.05.2025.
  4. (en) We bought what’s needed to make millions of fentanyl pills–for $3,600. Reuters. Gekuckt den 10.05.2025.