Op den Inhalt sprangen

Steve Cropper

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Steve Cropper
Gebuertsnumm Stephen Lee Cropper
Gebuer 21. Oktober 1941
Gestuerwen 3. Dezember 2025
Nashville
Alter 84 Joer
Nationalitéit USA
Aktivitéit Museksproduzent, Gittarist, Liddermécher, Schauspiller, Sänger, Liddertexter, Komponist, Museker
Websäit https://playitsteve.com

De Steve "The Colonel" Cropper, gebuer den 21. Oktober 1941 zu Dora, am Missouri, a gestuerwen den 3. Dezember 2025 zu Nashville, am Tennessee, war en US-amerikanesche Gittarist, Museksproduzent a Songwriter.

Hie war Grënnungsmember vun de Bands The Mar-Keys a Booker T. & the M.G.'s an ee vun den Haaptleit hannert dem Plackelabel Stax, wou hien dee charakteristesche Sound vum Memphis-Soul matgepräägt huet. An den 1970er/1980er Jore war hie Member vun der Blues Brothers Band.

De Cropper ass och nach bekannt als Co-Auteur vun Hits wéi Green Onions, (Sittin' On) The Dock of the Bay oder In the Midnight Hour. Hie krut zweemol e Grammy Award.

 Commons: Steve Cropper – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]