Steve McQueen (Regisseur)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat dem brittesche Kënschtler a Regisseur. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Steve McQueen (Homonymie). |
Steve McQueen | |
---|---|
Gebuer |
9. Oktober 1969 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Tisch School of the Arts |
Aktivitéit | Filmregisseur, Sculpteur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmproduzent, Kënschtler, Televisiounsproduzent, Videoskënschtler, Filmmécher |
De Steve McQueen CBE, gebuer den 9. Oktober 1969 zu London, ass en englesche Kënschtler, Fotograf a Filmregisseur. Fir säi Film 12 Years a Slave huet hien 2014 den Oscar fir de beschte Film gewonnen.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Steve McQueen huet um Chelsea College of Art and Design, um Goldsmiths College zu London an op der Tisch School zu New York City studéiert. 1999 krut e fir seng Fotografien an Installatiounen den Turner Prize.
Seng éischt Filmer waren experimentell, minimalistesch a Schwaarz-Wäiss gedréint, an hate Referenzen op de Stommfilm (Buster Keaton).
2003 gouf de McQueen vom offizielle "Krichskënschtler" fir den Irakkrich an huet an deem Kader 2006 (als embedded Artist) de Projet "Queen and Country" realiséiert[1].
2008 huet en um Festival vu Cannes sâin éischte Spillfilm, Hunger, virgestallt, deen den Hongerstreik vum IRA-Member Bobby Sands (gespillt vum Michael Fassbender) bis zum Enn weist. 2011 koum säin zweete Film, Shame, eraus (och nees mam Fassbender an der Haaptroll) iwwer e sexsüchtegen New-Yorker.
2013 huet hien 12 Years a Slave gedréint, ee Film iwwer d'Sklaverei an de Südstaate vun den USA an der Mëtt vum 19. Joerhonnert, deen op de Memoirë vum Solomon Northup baséiert, mam Chiwetel Ejiofor an der Haaptroll. De Film huet eng sëllege Präisser gewonnen, dorënner 2014 den Oscar fir dee beschte Film.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1995: Musée National d'Art Moderne, Centre Georges Pompidou, Paris
- 1997: documenta X, Kassel
- 1997: Johannesburg Biennale 2, Johannesburg
- 1997: Van Abbemuseum zu Eindhoven
- 2002: documenta11, Kassel
- 2011: 49. Bienale di Venezia, Englesche Pavillon
- 2013: Schaulager, Münchenstein bei Basel
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2008: Hunger
- 2011: Shame
- 2013: 12 Years a Slave
- 2018: Widows
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Biographie op film-zeit.de
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Queen and Country