Stréi

Stréi ass en Nieweprodukt vun der Recolte vun de Käreplanzen. Et besteet gréisstendeels aus den dréchene Stiller, déi no der Recolte um Feld zeréckbleiwen.[1]
An Europa gëtt d'Stréi dacks zu Botte weiderverschafft oder gläichméisseg op dem Feld verdeelt an ënnergeplout. Dat déngt ënner anerem dozou, de Buedem mat organeschem Material unzeräicheren an d'Buedemstruktur ze verbesseren.[2]
Stréi huet eng Rei ënnerschiddlech Verwendungszwecker, dorënner als Brennstoff oder fir de Buedem vum Stall ze bedecken, wou et d'Exkrementer vun den Déieren ophëlt an d'Flëssegkeet an de Geroch bënnt. D'Stréi, dat mat den Ausscheedunge vun den Déiere vollgesaugt ass, nennt ee Mëscht. Si gëtt dacks nees op de Felder verdeelt, fir de Buedem méi fruchtbar ze maachen.[1]
Obwuel Stréi net vill Närstoffer huet, gëtt et och als Fudder fir Notzdéiere gebraucht, zousätzlech zu anerem Fudder wéi dem Hee.[3] Och am Handwierk gëtt d'Stréi gebraucht, zum Beispill fréier fir den Daach ze decken oder Zillen aus Leem ze produzéieren, oder fir Hitt, Poppen, Kierf an aner Géigestänn hierzestellen.[1]
Och de Schallimo war fréier aus Stréi.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stréi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (de) Stroh. bluehendesoesterreich.at. Gekuckt de 15. Mäerz 2026.
- ↑ (de) Kurt G. Baldenhofe, Lexikon des Agrarraums. agrarraum.info (9. Oktober 2025). Gekuckt de 15. Mäerz 2026.
- ↑ (de) Dr. Antje Priepke, Die Qualität von Stroh im Blick behalten - Stroh als Einstreu, Beschäftigungsmaterial und in der Fütterung. Landesforschungsanstalt für Landwirtschaft und Fischerei Mecklenburg-Vorpommern (LFA) (23. Juli 2025). Gekuckt de 15. Mäerz 2026.