Stralung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Begrëff Stralung bezeechent an der Physik d'Ausbreede vun Deelercher oder Wellen. Am éischte Fall schwätzt ee vu Korpuskularstralung oder Deelchestralung, am zweete vu Wellestralung.

No haitege Kenntnesser huet all Stralung Deelecher- wéi och Welleneegeschaften (kuckt ënnen).

Begrëffsklärung[änneren | Quelltext änneren]

Trotz dem allgemenge Begrëff Wellenausbreedung ginn am Allgemenge mechanesch Wellen – wéi z. B. de Schall – net als Stralung bezeechent, obwuel sech d'Gesetzméissegkeete gläichen.

Stralen, d'Méizuelform vu Stral, gëtt heiansdo gläichbedeitend mat dem Begrëff Stralung gebraucht, och an Zesummesetzunge wéi z. B.: „Alphastralen“ oder „Röntgenstralen“. Eng Eenzuel wéi z. B. „Röntgenstral“ bezeichent dogéint bal ëmmer ee Stralebëndel. „Liichtstral“ kann allerdéngs béides, den idealiséierte linnefërmege Stral (kuckt Geometresch Optik) oder e Stralebëndel, bedeiten.

Grondlagen[änneren | Quelltext änneren]

Stralung huet eng Richtung an transportéiert ëmmer Energie an Impulser. Wa Stralungsdeelercher Mass, Ladung oder aner Eegeschaften hunn, ginn och déi transportéiert. Allerdéngs kënnen z. B. zwéi Kierper mat derselwechter Temperatur jiddwerengem déiselwecht Energie pro Zäiteenheet zoustralen, sou datt „netto“ keen Transport gemaach gëtt (Stralungsgläichgewiicht).

Trëfft d'Stralung op eng Barrière, gëtt si entweder absorbéiert (ëmgewandelt), onbeaflosst transmittéiert (duerchgelooss), gestreet oder reflektéiert (zréckgeworf) – et schwätzt een och vu Remissioun.

Déi historesch Debatt, ob Liichtstralen aus Deelercher oder Welle bestinn, gouf an der Quantentheorie domat beäntwert, datt ee Liichtstral aus Photonen besteet, wou den Openthaltsuert am Kader vun der Quantemechanik duerch eng Wahrscheinlechskeetswell beschriwwe gëtt. Dës Wahrscheinlechkeetswelle kënne mateneen interferéieren (kuckt Doppelspaltversuch). Louis de Broglie huet a senger Theorie vun de Materiewelle gewisen, datt jiddwer Deelchen enger Wellelängt zougerechent ka ginn. Dat erkläert, firwat zum Beispiel een Elektronestral och Interferenzphenomener weist. (Kuckt och Wellen-Deelchen-Dualismus.)

Et schwätzt een am Fall vun sech stralenarteg ausbreedender Matière éischter vun engem Deelchen- oder Matière-Floss. Am mënschlechen Ëmfeld (Längen 1 cm – 1 m) verhale sech Wellen (och Matièrewellen) mat Wellelängten uewerhalf vun zirka 1 m ähnlech wéi reng Wellen, woufir hei gären de Begrëff „Well“ gebraucht gëtt. Den Unhang „-stralung“ gëtt bei kuerze Wellelängten ugetraff.

Aarte vu Stralen no Energie oder Deelchenaart[änneren | Quelltext änneren]

Aarten vu Stralen no Genesis oder Wierkung[änneren | Quelltext änneren]

  • Ioniséierend Stralung – all Stralung, déi Atomen souvill Energie zouféiere kann, datt Elektronen an en ongebonnenen Zoustand iwwerginn

Ähnlech Themen[änneren | Quelltext änneren]